International Donateurskonferenz zu Bréissel
7 Milliarden Euro Hëllef fir d'Tierkei a Syrien

© AHMED DEEB DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Wéi de schwedesche Premierminister Ulf Kristersson matgedeelt huet, wäert déi international Communautéit 7 Milliarden Euro Finanzhëllef bereetstellen.
Dëst, am Kader vun enger internationaler Donateurskonferenz zu Bréissel. Vun der Europäescher Unioun gëtt eng Milliard Euro bäigesteiert.
Wéinst dem Äerdbiewen de 6. Februar mat enger Stäerkt vu bis zu 7,8 sinn den Autoritéiten no méi wéi 50.000 Mënschen an deenen 2 Länner ëm d'Liewe komm, Honnertdausende Leit hu keen Dach méi iwwert dem Kapp.
Am meeschte gelies