Bourssen an Europa hu sech nees erholl
D'europäesch Bourssen hu sech am Laf vum Méindeg de Moien nees erholl, nodeems se nom Opkafe vu Credit Suisse duerch d'UBS am roude Beräich opgemaach hunn.
De Finanzsecteur bleift awer nach ugeschloen, d'europäesche Banken hunn ëm knapp 1,6 Prozent u Wäert verluer. D'Aktie vu Credit Suisse waren ëm gutt 60 Prozent agebrach, nodeems de Schwäizer Bankegrupp UBS akzeptéiert, huet de Konkurrent fir 3 Milliarde Schwäizer Frang z'iwwerhuelen. Dat mat Garantië vum Staat a Liquiditéite vun der Zentralbank.
D'Europäesche Zentralbank, d'europäesch Bankeresolutiounsagence (SRB) an d'europäesch Bankenautoritéit (EBA) hunn an engem gemeinsame Communiqué berouegt: Den europäesche Bankesecteur wier resilient a stabil um Niveau vum Kapital an de Liquiditéiten.