Wichteg Decisioun an der Suite vum Diesel-Skandal
Hannergrond ass eng Klo géint Mercedes-Benz wéinst der sougenannter "Thermo-Fënster".
Konsumenten, déi en Auto verkaf kruten, an deem e Mechanismus, fir d'Ofgasen ze filteren, am Motor agebaut ass, deen net de Virschrëften entsprécht, hunn e Recht op Schuedenersatz. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff hei um Kierchbierg en Dënschdeg decidéiert, nodeems sech um däitsche Landgeriicht zu Ravensburg domat befaasst gouf.
E moderne Motor ass vollgestoppt mat Systemer, fir d'Ofgase propper ze maachen. Wann et dobausse relativ kal ass, kann et fir de Verschläiss vum Motor awer besser sinn, dass déi Systemer ausgeschalt ginn – behaapten emol verschidde Constructeuren – an hunn hire Motor esou programméiert, dass d'Ofgas-Rengung nëmme bei optimalen Temperature funktionéiert. Do gëtt et schonn en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff vun 2022, dass esou eng "Thermo-Fënster" net erlaabt ass. D'Systemer däerfen nëmmen an Noutsituatioune ganz kuerz ofgeschalt ginn, wann de Motor imminent futti géif goen an dat fir d'Passagéier eng konkret Gefor duerstelle géif.
Wann dat scho gekläert war, firwat huet sech den Europäesche Geriichtshaff elo nach emol domadder misste befaassen?
Well et nach ëmmer Divergenze gouf, ob e Client an esou engem Fall Recht op Schuedenersatz huet. D'Constructeure soen nämlech: wann den Auto esou fiert wéi e soll, wann et keng reegelrecht Pann gëtt, da gëtt et och kee Recht op Schuedenersatz. D'Verbraucherschützer par contre soen, dass schonn e "Schued" virläit, wann den "Certificat de Conformité" falsch ass.
Den Europäesche Geriichtshaff huet en Dënschdeg ee fir allemol festgehalen, dass, wann den Autosconstructeur gefuddelt huet, wann d’Ofgaswäerter vum Auto an der Realitéit net deem entspriechen, wat an de Pabeiere steet, dann huet de Client Recht op Schuedenersatz, beispillsweis fir en eventuelle Wäertverloscht, och wann een den Auto als Occasioun kaaft huet.
Wéi eng Konsequenze wäert dat fir d'Hiersteller hunn, a wéi enger Envergure kéinte si elo musse Clienten entschiedegen?
D'EU-Memberlänner mussen dëst Urteel elo nach ëmsetzen. Dobäi kënne si beispillsweis d'Héicht vum Schuedenersatz selwer definéieren. Dat heescht, déi ganz finanziell Envergure kann een haut nach net ofgesinn. Bei méi neien Autoen, déi der Euro-6d-Norm entspriechen, schéngen d'Constructeure souwisou op esou Thermo-Fënstere verzicht ze hunn. Mä egal wéi: mat dësem Grondsaz-Urteel goufen d'Verbraucherrechter definitiv gestäerkt. D'Autosconstructeuren hunn elo wierklech all Interêt, net méi ze fuddelen oder ze tricksen, well se soss zu all Moment mat Schuedenersatzfuerderunge rechne mussen.