Gesondheetspersonal an Europa iwwerlaascht

© AFP
D'Weltgesondheetsorganisatioun warnt, datt déi europäesch Gesondheetssystemer Problemer hätten, Personal ze halen, respektiv neit unzezéien.
D'Weltgesondheetsorganisatioun warnt virun enger Personalkris am europäesche Gesondheetssecteur. Um Ufank vum 4. Pandemie-Joer wier d'Gesondheetspersonal midd, iwwerlaascht an dacks ënnerbezuelt, esou den Direkter vum WHO-Regionalbüro fir Europa. Déi europäesch Gesondheetssystemer hätte Probleemer, Mataarbechter ze halen an déi nächst Generatioun vu Mataarbechter unzezéien.
Ma fir Erausfuerderunge ze meeschteren, wéi eng Gesellschaft, déi ëmmer méi al gëtt, de Klimawandel oder eng méiglech nei Pandemie, bräichte mir vill gutt forméiert a motivéiert Mataarbechter am Gesondheetssecteur.
A verschiddene Länner géife 40 Prozent vun de Medezinner bannent den nächsten 10 Joer an d'Pensioun goen an et géif keng kloer Pläng, wéi si sollen ersat ginn.
Dowéinst rifft d'WHO d'EU-Länner op, sech mat der psychescher Gesondheet, der Work-Life-Balance, de Paien an den Aarbechtskonditioune vum Gesondheetspersonal ze beschäftegen. Regierunge missten handelen amplaz nëmmen ze schwätzen.