EU-wäit goufen d'Fraen am Joer 2021 am Duerchschnëtt mat 29,7 Joer eng éischte Kéier Mamm, 2013 louch den Alter bei 28,8 Joer.

Dat geet aus den Donnéeën ervir, déi Eurostat en Dënschdeg publizéiert huet.

Besonnesch héich war den Alter vu Frae bei der Gebuert vum éischte Kand am Joer 2021 a Spuenien an an Italien mat allkéiers 31,6 Joer. Hannendru kënnt Lëtzebuerg mat 31,3 Joer an Irland mat 31,2 Joer.

Vergläichsweis fréi, kréie Fraen dogéint an den osteuropäeschen EU-Staaten hiert éischt Kand. Virop a Bulgarien, do läit den Duerchschnëttsalter bei 26,5 Joer, a Rumänien 27,1 Joer an an der Slowakei kréien d'Fraen dat éischt Kand mat 27,3 Joer. Ma och an dëse Staate verschiibt sech den Alter.

Fir dass d'Bevëlkerung vun engem Land - ouni Immigratioun - net schrumpft, missten an héich entwéckelte Länner reng technesch ongeféier 2,1 Kanner pro Fra gebuer ginn. All d'EU-Staate leien do awer däitlech drënner: am Schnëtt krut eng Fra 2021 1,53 Kanner.
An e puer EU-Staate wéi Spuenien mat 1,19 a Malta mat 1,13 sinn d'Gebuertenzuelen no engem Réckgang op engem nidderegen Niveau stagnéiert. A Litauen a Polen ass d'Heefegkeet vun de Gebuerte weider erofgaangen. An aneren EU-Länner dogéint gouf et eng liicht Hausse géintiwwer zum Joer virdrun, zum Beispill a Frankräich mat 1,84, Holland mat 1,62, Belsch (1,60) an Italien (1,25).