D'Europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet warnt viru kriibserreegende Stoffer a Liewensmëttel.

Rieds geet vu sougenannte Nitrosaminer. Dëst si cheemesch Verbindungen, déi net aktiv an d'Liewensmëttel dra gemaach ginn, mä déi bei der Produktioun entstinn. Fonnt goufen dës Stoffer ënnert anerem a gesolpertem Fleesch, verschafftem Fësch, Kakao, Béier an aneren alkoholeschem Gedrénks.

D'Agence huet hire Rapport elo un d'EU-Kommissioun weidergeleet. Dës muss dann elo zesumme mat de Memberstaate kucken, wéi een op dës Erkenntnisser wëll reagéieren.