Den Energieminister Claude Turmes war op Aarbechtsvisitt am Hafe vu Rotterdam, fir sech ee Bild dervun ze maachen, wéi Holland Waasserstoff produzéiert.

Waasserstoff als Energiequell vun der Zukunft, Produzéiert mat och Lëtzebuerger Know_How.

Europa soll den éischte Kontinent sinn, dee klimaneutral gëtt. D'Emissioune vun Zäregas sollen deemno bis 2050 op Null reduzéiert ginn. Dat kann awer just erreecht ginn, an deem d'Produktioun un erneierbaren Energien, déi nächst Joerzéngt massiv erop gesat gëtt. D'Nofro wäert sou grouss sinn, datt grouss Quantitéiten u Waasserstoff, deen als besonnesch villverspriechend gréng Energie ugesinn gëtt, wäert missen importéiert ginn. E Méindeg huet sech de Minister fir Energie Claude Turmes, net duerch Zoufall, zu Rotterdam, Projeten erkläre gelooss, déi net just op Pabeier gedréckt sinn.

Energiequell vun der Zukunft: Waasserstoff soll weider gefërdert ginn
Den Energieminister Claude Turmes war op Aarbechtsvisitt am Hafe vu Rotterdam, fir sech ee Bild dervun ze maachen, wéi Holland Waasserstoff produzéiert.

D'Hollännesch Regierung huet d'Weiche gestallt. Vu Rotterdam aus, dem gréissten Hafe vun Europa, solle bis 2030, 4,6 Milliounen Tonnen, iwwer 40% vum Waasserstoff deen an der EU néideg ass, exportéiert ginn.

"Hei am Hafe vu Rotterdam wäerte mir eis eege gréng Waasserstoff-Produktioun hunn. Dat mat den Offshore-Wandparken, déi hei an der Nordsee sinn. Awer dësen Hafe wäert och grénge Waasserstoff aus der ganzer Welt importéieren. Zum Beispill schaffe mir enk mat Länner wéi dem Chile an Namibia zesummen, fir datt an e puer Joer grénge Waasserstoff an den hollännesche System fléisst", sou den hollännesche Minister fir Klima, Ëmwelt an Energie, Rob Jetten.

Mam Rob Jetten hat de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes e Méindeg am Hafe vu Rotterdam e Guide, deen op d'Klimatransitioun opbaut. Houfreg weisen d'Hollänner dat gréisst Wandrad weltwäit. Just niewendru gëtt d'Installatioun vun 140 Offshore-Wandrieder laanscht d'Hollännesch Côte preparéiert.

Bis 2050 sollen Holland a Lëtzebuerg klimaneutral sinn

Iwwerdeems d'Europäesch Energie-Minister nach zu Bréissel iwwer EU-Objektiver a Punkto Waasserstoff diskutéieren, ginn zu Rotterdam schonn eng Rei Projeten ëmgesat, fir grénge Waasserstoff z'importéieren an ze produzéieren. Do wou haut nach Sand ass, plangen ënnert anerem d'Finne vun Neste, déi am Raffinage spezialiséiert sinn, d'Zukunft. Bio-Diesel, Bio-Jetfuel vun der zweeter Generatioun, déi net a Konkurrenz mat Liewensmëttelproduktioun stinn. Eng Technologie, déi och grénge Waasserstoff braucht. Getest gëtt den Ament eng Elektrolyse-Anlag vun der allerneister Generatioun. Entwéckelt vun engem Konsortium, an deem och d'Lëtzebuerger vu Paul Wurth sinn.

Den Ingo Both vum Kompetenzzenter Waasserstoff bei Paul Wurth erkläert: ''Die Innovativität liegt darin, dass wir hier eine Hochtemperatur Elektrolyse einsetzen, die dazu dient mit einem sehr hohen Wirkungsgrad Wasserstoff herzustellen. Wir sind hier mit einer etwa 20 - 30 % höheren Effizienz unterwegs als bei einer herkömmlichen Elekrolyse.''

2026 soll d'Anlag scho prett sinn fir d'Produktioun vu Waasserstoff an industrielle Quantitéiten.

"Dat wat fir eis als Lëtzebuerg flott ass, datt mer mat Paul Wurth, a mat hirer Joint-Venture Sunfire, als Lëtzebuerg en Acteur hunn, deen an där Industrie-Prozess do mat dran ass", sou de Claude Turmes.

Lëtzebuerg wäert Waasserstoff op verschidde Weeër importéieren

An noer Zukunft sollen zu Lëtzebuerg Camionen oder och Fliger mat Bio-Fuels vun der zweeter Generatioun fueren. Lëtzebuerg plangt och d'Industrie ze dekarboniséieren. Dank Waasserstoff. Zu Käerjeng kéint an Zukunft Hydrogen produzéiert ginn. E Brochdeel vun der Nofro. Dofir soll Rotterdam eng Schlësselroll spillen.

''Hei op der Nordsee, déi Projeten déi elo ugeduecht ginn, déi Platzen wou de Waasserstoff och importéiert ka ginn an der Zukunft, dat si Projeten an enger Gréisstenuerdnung wéi ee se brauche wäert fir de Waasserstoff a kompetitive Bedéngungen  zur Verfügung stellen ze kënnen'", mengt de Pit Losch, Responsabel fir Waasserstoff am Energieministere

Speziell zu Lëtzebuerg entwéckelt Container sollen an enger éischter Phase Waasserstoff iwwer Schëff, Zuch oder d'Strooss an d'Land bréngen. Bis 2030 soll, wa méiglech, Hydrogen duerch eng aktuell Gas-Pipeline, bis an de Grand-Duché fléissen.

D'Energietransitioun ass op der Schinn. Lëtzebuerg an Holland si sech an de groussen Zich eens, wat fir eng Energie wou agesat soll ginn.

De Rob Jetten: ''Holland konzentréiert sech haaptsächlech op Elektrifizéierung. Net nëmme fir den Transportsecteur. Awer och fir eis Industrie. Mir wäerten E-Fuels a Bio-Fuels fir d'Loft a Schëfffaart benotzen. Awer wann Dir den Transport an haaptsächlech d'Autoe kuckt, do ass déi hollännesch Regierung ganz fir d'Elektrifizéierung.''