Dat huet d'Europaparlament en Donneschdeg decidéiert. Fir dass déi Reglementatioun awer a Kraaft triede kann, mussen all d'EU-Staaten zoustëmmen.

D'Telefonéieren an d'Surfen am Internet sollen also, wann et dem Europaparlament no geet, vum 15. Dezember 2015 am Ausland net méi kaschten, wéi doheem.

Et dierft awer nach puer Méint daueren, bis eng definitiv Entscheedung getraff ass, well och d'EU-Memberstaaten hiren Accord musse ginn.