D'ADR ass zefridde mat deem Resultat, dat se de 25. Mee bei den Europawahle gemeet huet, och wann et net duer goung fir e Sëtz am Europaparlament.

Déi Analyse huet d'Generalsekretärin Liliana Miranda um Mëttwoch gemeet. Si huet betount, datt et ëmmerhinn fir d'éischte Kéier iwwerhaapt ass, datt hir Partei keng Stëmme par Rapport zu de viregte Wahlen verluer huet an datt et fir d'éischt zënter ganz laangem ass, datt d'ADR bei den Europawahlen besser ofgeschnidden huet wéi bei de Chamberwahlen.

D'Liliana Miranda huet awer och drop higewisen, datt d'Dräierkoalitioun bei dëse Wahlen der ADR no de grousse Verléierer war, an do virunallem d'LSAP.

AUDIO: D'Liliana Miranda

D'ADR huet och nach betount, datt si der Meenung ass datt d'Europaparlament sech net aus Iwwerzeegung hannert de Jean-Claude Juncker gestallt huet.

AUDIO: De Reportage vum Dany Rasque (04/06/2014 - 12h30)