Bach: Wat d'Liberaliséierung am Schinneverkéier ugeet, muss d'Sécherheet un 1. Plaz stoen a net de materielle Gewënn. Dat wier awer net ëmmer de Fall.

Den CSV-Europadeputéierten a fréiere President vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux Georges Bach mécht ee Lien zum uergen Zuchaccident de 15. Februar an der Belsch. 18 Leit si jo do ëm d'Liewe komm, 171 goufen der blesséiert. D'Liberaliséierung ass net déi eenzeg Ursaach ma si huet eppes mam Zuchongléck ze dunn, sou de Georges Bach.

Wuel ginn et europäesch Gesetzer fir d'Sécherheet op der Schinn. Op déi awer agehale ginn, gëtt net ëmmer richteg kontrolléiert.

Et kann net sinn, sou de Georges Bach, datt Geforen erkannt ginn an datt doropshin Gesetzer a Reglementer, déi d'Sécherheet verbessere sollen, net oder ze spéit ëmgesat ginn.

Un der Politik, där nationaler wéi där europäescher ass et fir ze kucken, wat schief gelaf ass bis ewell am Prozess vun der Liberaliséierung a fir dann ze reagéieren an ze korrigéieren.

D'Feeler reeche wäit an d'Vergaangenheet zeréck an all gi se zu Laaschte vun der Sécherheet, sou den Europadeputéierten.