D'EU Justizkommissärin Viviane Reding well sech europawäit fir Fraen asetzen, déi schaffen a manner verdéngen, wéi hir männlech Kollegen.

D'Lounënnerscheeder sinn an de leschte 15 Joer an der EU bal net méi kleng ginn, a verschiddene Länner sinn se esou guer nach méi grouss ginn, ënnersträicht d'Viviane Reding an engem Interview an der Dageszeitung „die Welt“.

An der aktueller Krisesituatioun kéint sech Europa sou eng Loundifferenz net leeschten, fënnt d'Viviane Reding an huet ugekënnegt, sou séier wéi méiglech eppes dogéint z'ënnerhuelen.

Der EU Justizkommissärin no gehéiert Däitschland zu deene Länner an deenen Differenz tëschent der Paie vu Mann a Fra am gréissten ass. Se leit do an der Moyenne bei ronn 23 Prozent.

Déi europäesch Moyenne leit bei 18 Prozent.