Zu Cordoba a Süd Spuenien waren d'EU-Ausseminister zesummen. Do hu si vum Catherine Ashton dee spéideren Diplomateschen Service virgestallt kritt.

D' EU-Ausseministesch Catherine Ashton ass deen am gaang ass op ze bauen. Si ass mat hire Pläng allerdéngs ferm ënner d'Kritik geroden. 100 Deeg nodeems si am Amt ass, kritt si virgehäit, d'Memberlänner net genuch an den Opbau vun hirem diplomateschen Déngscht z'implizéieren. Et gëtt gefaart, datt deen Service fir deen eng 7 bis 8000 Beamte schaffe sollen, ze vill vun der Bréisseler Kommissioun aus, a net genuch vun de Länner selwer gesteiert wäert ginn.

D'Lady Ashton huet sech geloosse reagéiert: si géif aus all deene Kritiken eng Synthèse zéien, an dat géif et hir erlaben dee beschtméiglechen Zerwiss opzebauen.