Verbraucherschutz: Am Europaparlament goung et en Dënschdeg ë.a. drëm, fir d’Rechter vun den Touristen ze stäerken, déi hir Reese selwer organiséieren.

Den Trend geet jo, virun allem wéinst dem Internet, ëmmer méi an déi Richtung.

Knapp eng Woch virum europäeschen Konsumentendag gouf um Dënschdeg de Moien awer och kloer, datt et net duer geet Rechter ze hunn, ma et muss een och Recht kréien. An do gëtt et nach munches ze dunn.

Datt Verbraucherschutz net onbedengt ëmmer gestäerkt gëtt, ma och ofgeschwächt gëtt, weist sech bei der neier europäescher Konsumenteschutzdirektiv, déi elo diskutéiert gëtt. Do gëtt eng EU-wäit Harmoniséierung ugestrieft, wat ze begréissen ass, allerdengs op engem nidderegen Niveau.

An dat ass net gutt fir de Konsument, seet de gréngen Europadeputéierten Claude Turmes. Fir hie geet et net duer dat de Konsument Rechter kritt, mä d'Politik muss dem Konsument hëllefen dat seng Rechter sou kloer wéi méiglech sinn

Den europäeschen Verbraucherdag di nächste Woch bidd d’Méiglechkeet wichteg Konsumententhemen an d’Vitrine ze stellen. Zum Beispill, datt keng Reklamme mat Medikamenter duerfe gemaach ginn oder datt den Origine vun engem Produit besser ewéi elo protegéiert muss sinn, wat dann och fir den Dikrecher Béier zielt.

An da gëtt et nach een drëtte Punkt:

Fir de de Claude Turmes muss d'Kommissioun de Konsument méi eescht huelen. Si huet nämlech nach d'lescht Woch eng genmanipuléiert Gromper zougelooss obschonns 70-75% vun den europäesche Konsumenten dogéint sinn.

De Claude Turmes betount och nach datt d’Informatiounen iwwert Medikamenter besser a méi zougänglech solle ginn. D’EU kéint sech do ee Beispill un Däitschland huelen, wou dat alles méi einfach ass. A wann et dann nach Froe ginn, da frét een am beschten den Apdikter.