D'Industrieproduktioun an der Eurozon ass am Januar méi staark an d'Luucht gaang, wéi erwaart gi wor. D'Produktioun ass saisonsbedingt ëm 1,7% geklommen.

Dat huet den europäesche Statistiksbüro Eurostat bekannt gemaach. Et wor just mat enger Hausse vu 0,7% gerechent ginn. Dat wor dee gréisste Sprong bannent engem Mount zanter 1990.

Am Dezember d'lescht Joer wor d'Produktioun ëm 0,6% an d'Lut gaang an net wéi am Ufank gemellt gi wor ëm 1,7% gefall. Am Verglach mam Joer virdrun huet Eurostat fir déi 16 Euro-Länner ee Plus vun 1,4% notéiert an domatt den éischte positiven Taux zanter Abrëll 2008.

Am Wirtschaftsraum vun deene 27 EU-Länner ass d'Industrieproduktioun och an d'Lut gaang. Et gouf eng Hausse vun 1,8%. An där ganzer Europäescher Unioun gouf ee Plus vun 1,5% zeréck behal.