D'EU-Kommissioun huet e Mëttwoch an der Mëttesstonn hir Strategie fir en eenheetlecht Besteiere vun Entreprise virgestallt.

Et soll verhënnert ginn, dass Firmen d'Steieren erofdrécken an deem se hire Gewënn hin an hier transferéieren.

Et gëllt de Prinzip, dass all Entreprise an deem Land Steiere bezilt an deem et de Gewënn gemaach huet. Eng europäesch Mindestgrenz fir d'Kierperschaftssteier soll et awer keng ginn.

Domadder wëll een de Steierwettbewerb oprecht erhalen, eppes wat Länner wéi Lëtzebuerg zu gutt kënnt.