Um Dënschdeg de Moien huet de President vun der EU-Kommissioun eng éischte Kéier nom Resultat vum Referendum e Sonndeg Positioun bezunn.

De Jean-Claude Juncker huet am Europaparlament zu Stroossbuerg nach emol an aller Däitlechkeet betount, datt hie géint e Grexit ass.

„Ech sinn net ënnergedaucht, wéi et an der däitscher Press geheescht huet. Villméi wollt ech am Europaparlament d'Wuert ergräifen, do wou d'Demokratie sëtzt!“: Dat sot den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker den Dënschdeg de Moien zu Stroossbuerg, wéi hie sech fir d'éischt nom Neen, e Sonnden, am griichesche Referendum zu Wuert gemellt huet.

An Europa géif permanent ëm Kompromësser geréngt ginn. Dowéinst wëll d'EU-Kommissioun sech derfir asetzen, datt d'Verhandlunge mat Griichenland nees relancéiert ginn. Elo wier d'Zäit komm, datt ee sech nees un een Dësch setzt. Dat wier eng europäesch Selbstverständlechkeet. Och wann et e schwéiere Feeler vun der griichescher Regierung war, de Verhandlungsdësch ze verloossen, sou de Jean-Claude Juncker.

D'Kommissioun géif de Griichen egal wéi hëllefen, fir erauszekommen, ma déi griichesch Regierung misst awer en Dënschdeg den Owend och de Vote vun e Sonndeg erklären.

AUDIO: Junker nom Nee / Reportage Eric Ewald

„De Vote vun de Griichen ass ze respektéieren, ma ech wëll e verstoen, well de Griichen eng Fro virgeluecht gouf, déi sou net ze stelle war. Et ass wichteg ze wëssen, zu wat d'Griichen Nee gesot hunn!“ Mat deene Wierder huet d'Deklaratioun am Europaparlament vum Jean-Claude Juncker ugefaangen, dee sech elo eng Explikatioun vum griichesche Premier Alexis Tsipras erwaart. De Premier wosst nämlech, datt d'Griichen iwwer eppes ofgestëmmt hunn, wat net den aktuelle Stand vun de Verhandelunge war.

Et géif elo net drëms goen, Recht ze hunn, mä et misst sech mat der aktueller Situatioun beschäftegt ginn. Well de Jean-Claude Juncker wëll mat aller Kraaft e Grexit verhënneren.

Fir den EU-Kommissiounspresident sinn der an der Europäescher Unioun oppen a manner oppe fir e Grexit. Einfach Äntwerte wären awer meeschtens falsch, an an Europa géif et keng einfach Äntwerte ginn. Keen dierf d'Griiche wëllen erausgeheien.  An dowéinst wëll d'Kommissioun alles dofir maachen, fir dat d'Verhandelungen erëm opgeholl ginn.
Wann EU-Memberlänner net méi matenee schwätzen, geet et dem Enn vun der Unioun entgéint, huet den Ex-Staatsminister gewarnt. Dofir misst ee sech elo mat Vernonft zréck un en Dësch sëtzen, en Dësch, deen d'Griiche verlooss hätten. An dat mécht een net, well an Europa gëtt bis zu der leschter Millisekonn matenee verhandelt.

Haut kéint ee wuel kaum schonn eng Léisung erbäiféieren, ma et sollt een de Wee dohin opmaachen, sou de Jean-Claude Juncker, deen och net mat der, Zitat, „rhetorescher Oprëschtung“ an der EU d'Accord ass. Et léisst ee sech net an der Kommissioun vun de Griichen als Terroriste bezeechnen. Jidderee war beméit eng Léisung ze fannen an do grad d'Kommissioun. Wier jiddereen esou aktiv gewiescht da wier een elo net méi op deem Punkt, op deem ee grad ass, sou de Jean-Claude Juncker.

Hie wéilt wëssen, wat de griichesche Vote vun e Sonndeg bedeit, well et géif gesot ginn, dat wär keen Neen zu Europa an zum Euro gewiescht. D'Ausgankslag wär kloer, aktuell läit de Ball bei de Griichen.

D'Griiche missten erklären, wéi et elo weider geet. D'EU-Kommissioun wär op alle Fall dozou bereet, alles ze maachen, fir sou séier wéi méiglech zu engem Accord ze kommen, huet den EU-Kommissiounspresident um Enn vu senger Ried betount.

En Dënschdeg de Mëtteg diskutéiere fir d'éischt d'Euro-Finanzministeren, ob mat Athen iwwert en neien Hëllefsprogramm verhandelt gëtt. Duerno um 18 Auer kommen dann d'Staats- a Regierungcheffe vun den Eurolänner beieneen.

AUDIO: Virschau Reunioun Bréissel/Reportage Eric Hamus

Fir de Xavier Bettel ass et op alle Fall elo un de Griichen fir Proposen ze maachen, mä et misst een och gesinn, datt si Demandeur vun Hëllef sinn, an datt 18 Länner eng Léisung musse kënne guttheeschen.

Nom Referendum a Griichenland hunn déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel an de franséische Staatschef François Hollande séier a präzis Propose vun Athen gefuerdert.

„Mir soe ganz däitlech, datt d'Dier fir Gespréicher op bleift“, sou déi däitsch Kanzlerin e Méindeg den Owend no der Reunioun zu Paräis.

Beim Euro-Spezialsommet um Dënschdeg zu Bréissel misst de griichesche Premier Tsipras soen, wéi et weider geet; d'Zäit géif enk ginn.

Griichenland kéint – wéi och schonn an der Vergaangenheet – mat der Solidaritéit vun den Europäer rechnen, misst awer och eege Responsabilitéit iwwerhuelen.

Och de franséische President fuerdert vum Alexis Tsipras „serieux a glafwierdeg Proposen“, déi weisen, datt et de Griiche mat engem laangfristege Programm eescht ass, fir an der Eurozon ze bleiwen.

De President vum Europaparlament Martin Schulz huet op en Neits humanitär Hëllef fir Griichenland vun der EU gefuerdert.

Griichesch Famillen, eeler Leit, déi Krank a Leit mat wéineg Akommes wären déi wierklech Verléierer vum griicheschen Drama. Et dierft ee si net eleng loossen a se séier mat humanitäre Gelder ënnerstëtzen.

Aus dem EU-Budget kéint ee Mëttelen deblockéieren, déi fir méiglech Naturkatastrofe reservéiert sinn.

Fir Lëtzebuerg sinn um Dënschdeg de Finanzminister Pierre Gramegna an de Premier Xavier Bettel zu Bréissel bei de Berodungen derbäi.
Moskau ass natierlech och drun interesséiert, wéi et am Dossier Griichenland weidergeet: wéi et heescht hätt de President Putin souwuel mat der FMI-Directrice Christine Lagarde, grad wéi och mam President Hollande telefonéiert. E Méindeg nach hat de Putin dem Premier Tsipras säi Support assuréiert.

Och de Fidel Castro mellt sech zu Wuert a Saachen Griichenland an huet dem Premier Tsipras fir seng brillant politesch Victoire felicitéiert. Wéi den Ex-kubanesche President schreift, géif säi Vollek bewonneren, wéi d'Griichen hir Identitéit a Kultur géint Menace vu baussen géife verdeedegen.

D'Europäesch Zentralbank huet e Méindeg decidéiert, hir Noutfallhëllefe fir déi griichesch Banke bis op weideres um selwechten Niveau wéi bis elo weiderlafen ze loossen. Ma trotz der Verlängerung vun den Hëllefen, riskéieren d'Banken an den nächsten Deeg keng Sue méi ze hunn. Wéinst der grousser Onsécherheet ëm d'Zukunft vu Griichenland, hu scho vill Leit hir Suen opgehuewen.

E Méindeg gouf dann och decidéiert, datt d'Banken op d'mannst bis e Mëttwoch nach zoubleiwen, an ee jeeweils nëmme 60 Euro den Dag am Automat ophiewen dierf. U sech sollten déi Restriktiounen um Dënschdeg opgehuewe ginn.

VIDEO: Griichesch Communautéit hei zu Lëtzebuerg reagéiert!
Och déi griischesch Communautéit hei zu Lëtzebuerg huet de Referendum an hierer Heemescht mat vill Intérêt suivéiert.