De Literaturwëssenschaftler Hans Ulrich Gumbrecht gëtt an der Abtei Neimünster eng Konferenz iwwer Nationalismus an der Unioun.

Zënter Woche markéiere Flüchtlingskris, Finanzkrise an den Terrorismus d’Aktualitéit. Zwar existéiert déi europäesch Identitéit, mä si géif sech net ëmmer um politeschem Niveau zeréck spigelen, betount den Hans Ulrich Gumbrecht, Professer op enger amerikanescher Universitéit. En Dënschdeg den Owend um 19 Auer Auer gëtt den däitsche Literaturwëssenschaftler eng Konferenz an der Abtei Neimünster iwwert den Nationalismus an der Unioun. Ma wei steet et aktuell mat der europäescher Traditioun, existéiert se nach ëmmer?

AUDIO: EU Konferenz Gumbrecht / Reportage Frank Elsen

D’Stäerkte vun Europa sinn déi sproochlech a kulturell Differenzen. Ma dem Hans Ulrich Gumbrecht no wier déi kulturell Traditioun an deene leschte Jore verluer gaangen. Wann een et probéiert als "eng Traditioun"  ze definéieren, verléiert een domadder déi grouss Stäerkt, d'Differenzéierung. Fir den Hans Ulrich Gumbrecht ass dofir Bologna och déi rengste Katastroph. De System huet déi schlecht Universitéiten net besser gemaach, mä déi gutt méi schlecht. Den Unisprofesser ka kee vu senge Kollegen oder e Student nennen, deem mam Bologna System gehollef gouf. An awer huet dat ganzt Milliarde vun Euro kascht.

D’Unioun géif sech schwéier doen mat der Flüchtlingskris, betount de Literaturhistoriker. Et misst een d’Ophuele vu Migranten deene concernéierten Länner iwwerloossen. Hie bewonnert et souguer, datt grad an Däitschland eng grouss Majoritéit dofir ass a sech och dofir asetzt, fir weider Migranten opzehuelen. Wat vun eenzelne Leit an dësem Beräich geleescht gëtt, kann ee wuel just duerch déi däitsch Geschicht verstoen. Et geet ville Bierger drëm, fir eppes nees gutt ze maachen an ze beweisen, datt een net déi Nationalisten oder Xenophoben ass, wat den Hans Ulrich Gumbrecht gutt fënnt. Hie versteet awer och genau esou gutt, datt e Land, wéi Holland, net esouvill Leit ophuele wëll.

© Frank Elsen

Eng gemeinsam Léisung misst awer an Zukunft fonnt ginn. Hei géif och den Opschwong vu verschiddene national-sozialistesche Parteien, d’Saach um politeschen Niveau net ëmmer vereinfachen. Et bréicht een nëmmen un de Front National a Frankräich oder un d’AfP an Däitschland ze denken. Mëttlerweil géif Europa an esou munch Staaten als “ze abstrakt” erlieft ginn, ënnersträicht den Hans Ulrich Gumbrecht.

Et wäert ëmmer Problemer ginn an et ass och net un der EU, fir d'Innen- an Aussepolitik vun den islamesche Länner ze beaflossen, respektiv dem Putin seng Politik ze maachen. Et wäert ëmmer verschidde Krise ginn.

Europa wier nach ëmmer déi Plaatz op der Welt, wou et sech am beschten lieft. Dëst well sech den Sozial-Demokratismus duerchgesat hätt, erklärt de Literaturwëssenschaftler.

D’Konferenz vum Hans Ulrich Gumbrecht, zesumme mam Historiker Henning Marmulla, fänkt den Owend um 19 Auer un. De Virtrag ass op Däitsch an den Entrée ass 10 Euro an gëtt an Zesummenaarbecht mat der Fondatioun Pierre Werner organiséiert.