Zürich: An der kontroverser a mat Momenter animéierter Diskussioun mam Christoph Blocher huet de Jean-Claude Juncker sech net provozéire gelooss.

Gutt 750 Leit waren e Mëttwoch den Owend zu Zürich am Schauspielhaus, fir den Debat tëscht dem Christoph Blocher vun der Schwäizer Vollekspartei an dem Lëtzebuerger Premier ze suivéieren.

D’Thema war: D’Entwécklung vun der EU an d’Roll vun der Schwäiz an deem Ganzen. Dat war schonns Wochen ofgemat. Eng méi rezent Diskussioun huet dem Owend vun e Mëttwoch awer de Stempel opgedréckt a si erkläert sécherlech och de grousse Public. Dobäi geet et ëm d’Ausso vum Christoph Blocher, vu virun 10 Deeg, nämlech datt de Jean-Claude Juncker an engem Interview mat der däitscher Zeitung "Die Zeit" iwwert d’Schwäiz géif schwätzen ewéi den Hitler.

Do souzen 2 Politiker, déi mat hire Meenungen um Enn vun der Veranstaltung nach grad esou wäit vuneneen ewech waren ewéi virdrunner.

De Christoph Bocher gesäit sech als Verdeedeger vu sengem Land. E Land, wat net an d’EU erawell an e Land, dat gären eescht geholl gëtt, sou de Schwäizer Politiker.

Zum Eclat, dee munchereen sech vläit erwaart hat, koum et awer net.

Extrait vum Gespréich Juncker-Blocher
Zürich: An der kontroverser a mat Momenter animéierter Diskussioun mam Christoph Blocher huet de Jean-Claude Juncker sech net provozéire gelooss.

An der kontroverser a mat Momenter animéierter Diskussioun huet de Jean-Claude Juncker sech net provozéire gelooss a betount, datt et just säi Wonsch ass, datt d’Schwäiz Member vun der EU gëtt. D’Decisioun awer, ob dat geschitt, géif eenzeg an eleng bei de Schwäizer leien, sou de Premier.