Ënnert dem Hashtag #AskJuncker konnten d'User dem Kommissiounspresident Froe stellen, op déi de Juncker während engem Livestream reagéiert huet.

Schonn d'Angela Merkel hat virun e puer Méint probéiert, déi jonk Generatioun duerch en Interview mam berühmte Youtuber "LeFloid" besser z'erreechen. De Jean-Claude Juncker gouf vun de Youtuber Laetitia Birbes aus Frankräich, Lukasz Jakobiak aus Polen a Jonas Ems aus Däitschland interviewt.

De Livestream, deen en Donneschdeg de Moien um 11 Auer gelaf ass, kënnt Dir hei nach eemol kucken: