D'Nadia Murad an d'Lamia Hadschi Baschar ware vun der Dschihadistemiliz verfollegt a versklavt ginn.

Fir op hiert Schicksal an op dat vun esou ville Jesidinnen am Irak opmierksam ze maachen, kréie si de Sacharow-Präis fir Meenungsfräiheet vum Europaparlament.

D'Nadia Murad mécht als UN-Ambassadrice op d'Schicksal vun der reliéiser Minoritéit vun de Jesiden opmierksam.

Si war am August 2014 vun IS-Kämpfer verschleeft an e puer Mol vergewaltegt ginn. Dräi Méint drop konnt si virun hire Péngeger fortlafen a sech Richtung Däitschland retten.

D'Nadia Murad

Zanter 1988 éiert d'EU-Parlament mam Sacharow-Preis Leit oder Organisatiounen, déi sech fir Mënscherechter a Grondfräiheeten asetzen.

En Donneschdeg den Owend kënnt iwwerdeem mam kongoleseschen Dokter Mukwege de Sacharow-Laureat aus dem Joer 2014 fir eng Konferenz op Lëtzebuerg.