Bis d'Joer 2022 sollen um Kierchbierg zwee nei Gebaier fir d'europäesch Kommissioun entstoen.

An der parlamentarescher Nohaltegkeetskommissioun gouf um Donneschdeg nach emol de Projet Jean Monnet 2 virgestallt. Bis d'Joer 2022 sollen um Kierchbierg zwee nei Gebaier fir d’europäesch Kommissioun gebaut ginn.

Geplangt ass um, an nieft, dem aktuelle Site vum Bâtiment Jean Monnet um Boulevard Konrad Adenauer en Héichhaus vun 23 Stäck an e méi breet Gebai vu 7 Etagen ze bauen. 2017 soll de grousse Chantier ufänken.