Am Gespréich iwwer Europa konnten 250 Schüler aus Lëtzebuerg, der Belsch, Däitschland a Frankräich hir Froen un déi 3 Presidente riichten.

D'EU-Presidente Schulz (Europa-Parlament), Juncker (EU-Kommissioun) a Lenaerts (Europäesche Geriichtshaff) waren dowéinst um Freideg extra op d'Konferenz ënnert dem Titel "Bâtisseurs d'Europe" gereest.

„Ech denke mir wäerten 2 verluere Joer hunn, bis den Här Trump duerch d'Welt gereest ass, déi hien net kennt“, dat sot den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker bei der Diskussioun mat de jonke Leit. Den Donald Trump hätt an der Aussepolitik einfach keng Erfahrung, sou steet et weider um däitschen Norichtensite N24.

Ob d'Wahl vum Trump d'Relatiounen tëscht Europa an den USA géing veränneren, äntwert de Juncker, dass sech d'US-Bierger generell einfach net géinge fir Europa interesséieren. Dobäi erënnert de Kommissiounspresident un eng Ausso vum Trump bei engem Wahlkampfoptrëtt am Summer, wou hie sot d'Belsch wär „eng schéi Stad“.

Elo misst een dem nächsten US-President ebe bäibréngen op wéi enge Prinzipien Europa berout a wéi d'EU fonctionnéiert.

Den Trump géing donieft Froe mat geféierleche Konsequenze stellen, sou den Juncker, well hien d'NATO a Fro stellt an domat och de Modell op dem d'Verdeedegung vun Europa baséiert.