Hanf ass e villsäitegt Produkt, dat haut schonn an diverse Secteuren agesat gëtt. A sozialen Netzwierker gëtt zënter puer Méint behaapt, dass Hanf och eng Léisung géint de Klimawandel a géint d'Waasserknappheet wär. D'AFP ass deem no gaangen.

Zënter Juni 2022 gëtt reegelméisseg eng Lëscht mat Virzich a Virdeeler vum Ubau vun Hanf op Facebook verëffentlecht, déi iwwer 100.000 Mol gedeelt gouf, wéi an dëse Publikatiounen (1, 2). Dës Lëscht gouf am Juli och e puer honnert Mol op Twitter gedeelt.

Een Hektar Hanf " produzéiert sou vill Sauerstoff wéi 25 Hektar Bësch" a kann "déi selwecht Quantitéit Pabeier wéi 4 Hektar Beem produzéieren". Hanf wär eng "Stralungsfal", déi bannent véier Méint wiisst a weltwäit ugebaut kéint ginn, wéineg Waasser a keng Pestiziden néideg hätt, wat dozou féiere kéint, dass d'Industrie fir Pestiziden "ausstierwe" kéint.

Verschidde vun dëse Behaaptunge fanne sech op Sitte fir Hanf ze kommerzialiséieren, an deene behaapt gëtt, dass "den Ubau vun Hanf méi CO2 absorbéiert wéi e Bësch" an dass den Ubau eng negativ CO2-Bilanz hätt.

RTL

Capture d'écran prise sur Facebook, le 24/08/2022

Wärend déi meescht vun dëse Publikatiounen Hanf erwänen, schwätzen anerer vu "Cannabis". Industriehanf a Cannabis sinn eigentlech zwou Ënnerzorte vu "Cannabis sativa". Awer d'Planz, aus där d'Drog hiergestallt gëtt, "Cannabis indica" ass a Frankräich wéinst hirem THC-Gehalt (déi psychotrop Substanz vu Cannabis) verbueden. Industriehanf benotzt d'Planz "Cannabis sativa L" an den Ubau ënnerläit franséischen an europäesche Reglementatiounen, déi just Zorte mat engem THC-Gehalt vu manner wéi 0,2 % zouloossen.

Een Hektar Hanf produzéiert 25 Mol méi Sauerstoff wéi een Hektar Bësch? Dëse Verglach ass net pertinent an iwwerdriwwen

Dës Ausso iwwer d'Sauerstoffproduktioun bezitt sech op de Prozess vun all wuessender Planz, d'Photosynthees. "All Planze verbrauchen CO2, wandelen et mat Liicht a Planzematerial ëm a setze Sauerstoff als Nieweprodukt fräi. Dëse Prozess gëtt Photosynthees genannt", wéi de Scott Denning, Klimatolog a Professer fir Atmosphärwëssenschaften op der Colorado State University, erkläert.

Ëmsou méi séier d'Planz wiisst, ëmsou méi grouss ass den equivalenten Austausch tëscht Kuelestoff a Sauerstoff. Eng Planz, déi nei agesat gouf a séier wiisst wéi Hanf, wäert also e gréisseren Flux hunn, wéi en ale Bësch, wann een zum Beispill de Flux iwwer ee Joer kuckt.

Fir de Philippe Ciais, Fuerscher am Laboratoire des Sciences du Climat et de l'Environnement du Commissariat à l’Énergie Atomique et aux énergies alternatives, ass et net interessant, d'Sauerstoffproduktioun vu béide Kulturen, dat heescht hire Flux, ze vergläichen, och wann déi eng Zort Planz e méi grousse Flux huet wéi eng aner.

"D'Sauerstoffproduktioun duerch Photosynthees gëtt bal vollstänneg duerch de Sauerstoffverbrauch duerch d'Ootmung vu Planzen a Mikrobe kompenséiert", erkläert de Fuerscher. "E System, dee méi Sauerstoff produzéiert, wäert logescherweis méi Sauerstoff verbrauchen. De Verglach ass also irrelevant."

Ofgesi vum Flux wärend der Wuesstemsphas vun der Planz gëtt de Kuelestoff, deen d'Planze fir hire Wuesstem notzen an aus der Atmosphär "zéien", an der Planz gespäichert, egal ob et sech ëm Hanf oder e Bam handelt, bis e Gläichgewiicht erreecht ass. Dat nennt ee Kuelenstoffsequestréierung, oder "Stock".

Fir d'Interaktioune vun de Planze mat der Atmosphär ze berechnen, bezéie sech d'Experten dohier éischter op déi gespäichert Kuelestoffdioxidquantitéit wéi op den ausgestoussene Sauerstoff. Dozou zielen d'Produktioun vu Biomass pro Hektar, dat heescht d'Quantitéit un organeschem Material mat planzlechem Ursprong, déi op engem Hektar ugebaut gëtt, an dann d'Quantitéit vum Kuelestoff, deen an dëser Biomass pro Hektar gespäichert ass.

No Estimatioune vum Jean-Pierre Sarthou, Agriculteur a Professer fir Agrarwëssenschaften an Agrarekologie um INP-ENSAT an um INRAE zu Toulouse, späichert den Ubau vun engem Hektar Hanf ongeféier duebel esou vill Kuelestoff wéi een Hektar Bësch an net 25 Mol esou vill. Wann een déi duerchschnëttlech Valeure consideréiert, seet de Fuerscher, kënnt een op 8,78 gespäichert Tonnen CO2 an eng Produktioun vun 23,4 Tonne Sauerstoff fir de Bësch, beim Hanf wären et 15,5 Tonnen gespäicherten CO2 an 41,5 Tonnen u produzéiertem O2.

Dem Estelle Delangle no, Projektmanagerin beim Europäeschen Hanfzenter, leien déi offiziell Zuele vun der Branche fir gespäicherte Kuelestoff e bëssen ënnert dëser Estimatioun a besoen, dass " een Hektar Hanf an een Hektar Bësch d'selwecht vill späicheren." Si bestätegt de Wäert vu 15 Tonnen CO2 pro Hektar fir Hanf a weist dorop hin, dass dëse Wäert mat engem gudden a gesonde Bësch ze vergläichen ass, dee manner Kuelestoff ophëlt wéi e jonke Bësch.

Dem Agronom Jean-Pierre Sarthou no ass den Ënnerscheed vun den Zuelen net anormal. D'Gréisstenuerdnung vun der Produktivitéit pro Hektar Biomass an dat ugebauten organescht Material ka jee no Konditioune staark variéieren an et ass méiglech, vu relativ héijen oder niddregen Duerchschnëttswäerter auszegoen.

Bei Hanf schwankt d'Quantitéit u Biomass pro Hektar tëscht dem einfachen an dem dräifache Wäert, jee no Ertrag (Produkt, dat par rapport zur kultivéierter Surface hiergestallt gëtt), dee vun der Qualitéit vum Som, dem Buedem, dem Erfolleg vum Ubau, asw. ofhänkt. Fir d'Bëscher ass de Rendement vun Holz, jee no benotztem Som-Typ an dem Wuesstemszäitpunkt vum Bësch, och staark variéierend.

"D'Zuele fir d'Späichere vu Kuelestoff wäerte jee no verschiddene Facteure staark variéieren, souwuel fir den Hanfubau wéi och fir d'Forstwirtschaft", erkläert den Henri Blandinières, Fuerscher am Departement fir nohalteg landwirtschaftlech Produktioun op der Université catholique du Sacré-Cœur zu Mailand.

Fir den Alain Karsenty, Fuerscher an Ekonomist um CIRAD, dem Zenter fir international Zesummenaarbecht an der Agrarfuerschung fir Entwécklung, ass d'Zort vun de geplanzte Beem och vun entscheedender Bedeitung. Dem Fuerscher no "gëtt e jonke Bësch aus séier wuessende Baamzorten wéi Douglasien vill méi ophuele wéi eng Plantage vun Eechen, awer de Stock [vu Kuelestoff] wäert a 50 oder 60 Joer vill méi kleng sinn." En Eechebësch par conter wäert säi maximale Stockage u Kuelestoff an ongeféier 150 Joer erreechen. "Näischt ka mam Stockage vun de Bëscher verglach ginn", füügt de Fuerscher dobäi.

Dem Agrarfuerscher Henri Blandinières no ass de Verglach tëscht Hanf an engem Bësch och da schwiereg, wann déi benotzt Produktivitéitszuel net detailléiert ass: "D'Produktivitéit wäert staark vun de verschiddene Bëscher ofhänken, vun e puer Dose Gramm Kuelestoff pro Quadratmeter a pro Joer bis zu enger Quantitéit vun Dausend Gramm Kuelestoff pro Quadratmeter a pro Joer, tëscht engem boreale Bësch an engem um Äquator."

Ausserdeem bleift den Hanf net jorelaang stoe wéi d'Beem am Bësch, mee soll all Joer recoltéiert ginn. An dem Ekonomist Alain Karsenty no ass "all Recolte eng Stéierung a wäert CO2 fräisetzen. Mat de schwéiere Maschinne fir d'Recolte, mat der Buedemverdichtung, asw. wäerte mir souwisou CO2-Emissiounen hunn."

RTL

Un champ de chanvre, qui peut être utilisé sous forme d'huile pour les cosmétiques, de graines pour l'alimentation et de fibres pour les textiles et la construction, à Saint-Agnet, dans le sud-ouest de la France, le 11 juillet 2022. ( AFP / Gaizka Iroz)

Schliisslech ass et fir d'Wëssenschaftler, déi vun der AFP befrot goufen, méi interessant, de gesamte Liewenszyklus vun enger Planz ze betruechten. An der Natur stierft all Ökosystem, all Planz iergendwann of an zerfällt, wouduerch de gesamte Stockage un CO2, deen ugesammelt gouf, fräigesat an eng neutral Bilanz erreecht gëtt.

Awer an der Landwirtschaft oder Agroforesterie gëtt eng Planz recoltéiert a verschafft, a se wäert sech net zersetzen. Den accumuléierte Kuelestoff gëtt also gebonnen, gespäichert an erreecht eng positiv Sauerstoffbilanz, well de Kuelestoff net direkt an d'Atmosphär fräigesat gëtt. Onofhängeg vun de verschiddenen Ofsazméiglechkeete fir Hanf an Holz, gëtt de "Stock" vu Kuelestoff zwangsleefeg fräigesat, wann den hiergestallte Produit schlussendlech benotzt, zerstéiert verbrannt oder zersat gëtt.

Fir den Alain Karsenty, Ekonomist um CIRAD, "wäert alles vun der Benotzung vun der Planz ofhänken, déi recoltéiert soll ginn." Fir Brennholz, Pabeier, Bekleedung aus Hanffaseren, Hanfueleg oder Stréi fir Déieren aus Hanfspéin, déi séier consomméiert ginn, kann et e puer Joer oder manner daueren.

An de Beräicher, an deene Produkter 80 oder 90 Joer benotzt ginn, kann d'Sequestratioun awer e puer Joerzéngten daueren: Holzkonstruktiounen, Schräineraarbechten, Isoléierung a Planzebeton aus Hanf, Hanf kann also, wéi Holz, iwwer Joren oder Joerzéngten eng positiv Sauertoffbilanz hunn an et gëtt "wéineg annuell Kulturen, déi vu sech behaapte kënnen, [Kuelestoff] 30 bis 40 Joer laang ze späicheren, wärend Weess direkt consomméiert gëtt", erkläert den Alain Karsenty géintiwwer der AFP.

"Wa mir eis just d'Fro vum Kuelestoff ukucken, musse mir d'Ökosystemer mam gréisste Kuelestoffstock erhalen, dat heescht al Bëscher an Torfmoueren. Dës Bëscher mussen erhalen, geplanzt oder déi natierlech Regeneratioun gefërdert ginn", erkläert den Alain Karsenty.

An d'Bëscher sinn nach op eng aner Manéier interessant. "Mir brauche Bëscher och aus anere Grënn: Se botzen d'Waasser, bidde Liewensraum fir Planzen an Déieren a bidde Schiet", seet de Scott Denning, Klimatolog a Professer fir Atmosphärwëssenschaften op der Colorado State University. D'Deforestatioun wär dohier keng Léisung, an zwar aus all dëse Grënn: "Et ass lächerlech, Beem fir d'Landwirtschaft ëmzehaen", ass dem Fuerscher seng Konklusioun.

Ass Hanfpabeier aachtmol recycléierbar? Dat ass eng Verwiesslung

Laut dem Estelle Delangle, Projetmanagerin beim Europäeschen Hanfzenter, ass dës Behaaptung iwwer d'Recyclabilitéit vun Hanfpabeier eng Verwiesslung.  "Hanfpabeier léisst sech net wierklech recycléieren, well et haaptsächlech fir Zigarettepabeier a Bankbilljeeë benotzt gëtt", huet si der AFP matgedeelt.

Awer den net recycelten Deeg aus Hanfpabeier kann duerchaus fir d'Verstäerke vun anere Recyclingspabeierzorte benotzt ginn. Doriwwer eraus gëtt Hanf och an der Automobilindustrie benotzt, fir Konschtstoffdeeler méi liicht ze maachen. Dës Deeler si gutt "aachtmol ouni Abousse vu Leeschtung" recycléierbar, sou d'Estelle Delangle.

Hanf wiisst bannent véier Méint, e Bam brauch 20 bis 50 Joer. Zimmlech wouer

Dat stëmmt, sou de Fuerscher Henri Blandinières an d'Projektmanagerin vum Europäeschen Hanfzenter Estelle Delangle. Jee no Qualitéit vun de Wuesstemskonditiounen a vum Som kann Hanf bei gënschtege Konditioune bannent véier Méint wuessen, d'Moyenne läit bei ongeféier fënnef bis sechs Méint, sou d'Estelle Delangle.

D'Wuesstem vun engem Bësch gëtt dem Fuerscher Jean-Pierre Sarthou mat engem Zyklus vun 30, 40 oder 50 Joer gerechent a kann natierlech vill méi laang bestoe bleiwen, éier e stierft, wann en net genotzt gëtt.

D'Hanfblumm, eng echt "Stralungsfal"? Onbegrënnt

Déi vun der AFP befroten Agronomen a Wëssenschaftler hunn erkläert, si hätten nach ni vun dëser Behaaptung héieren. Se kéint sech op e Prozess bezéien, deen als "Phytormediatioun" oder "Phytorrehabilitatioun" bezeechent gëtt.

Bei dëser Technik gi sougenannt "Hyperakkumulateuren" geziicht, déi iwwer hire Wuerzelen a Blieder grouss Quantitéiten u Schuedstoffer wéi Schwéiermetaller späicheren an op verknaschte Plazen zum Proppermaache vum Buedem bäidroen. Hanf, Sonneblummen oder Raps si just e puer vun de 500 hyperakkumulative Planzen, déi fir den Traitement vu villen Aarte vu Verschmotzung agesat kënne ginn.

RTL

Un champ de chanvre, qui peut être utilisé sous forme d'huile pour les cosmétiques, de graines pour l'alimentation et de fibres pour les textiles et la construction, à Saint-Agnet, dans le sud-ouest de la France, le 11 juillet 2022. ( AFP / Gaizka Iroz)

Den Asaz vu Phytoremediatioun fir d'Dekontaminéierung vu Biedem, déi an der Géigend vun nuklearen Accidenter leien, wéi an der Ëmgéigend vun der Atomzentral Fukushima, gouf zwar theoreetesch diskutéiert, awer nach ni getest oder agesat.

De Prozess gëtt beispillsweis an engem Artikel beschriwwen, deen 2003 an der Zäitschrëft "Plant and Soil" vum Slavik Dushenkov, engem Wëssenschaftler op der Rutgers University of New Jersey, publizéiert gouf. An dësem Fall géife Planze gepléckt, gedréchent an a speziellen Anlage verbrannt, an d'Äsche géifen dann als nuklearen Offall traitéiert.

Hanf kann op der ganzer Welt ugebaut ginn, brauch wéineg Waasser a keng Pestiziden? Theoreetesch wouer


Fir den éischte Punkt confirméiert d'Estelle Delangle: "Hanf kann op der ganzer Welt ugebaut ginn, technesch gesinn, awer et wäert net iwwerall déi selwecht Rendementer hunn." Wat d'Bewässerung betrëfft, brauch Industriehanf, also Hanf, deen op fräiem Feld ugebaut gëtt, opgrond vu sengem "déiwe Wuerzelsystem" keng oder wéineg Bewässerung, erkläert d'Estelle Delangle.

Awer seng grouss Wuerzelen, déi bis zu zwee oder dräi Meter an d'Déift ginn, a säin déiwe Wuerzelsystem, deen Närstoffer déif aus dem Buedem ophëlt, brauche gutt Konditiounen, fir sech ze entwéckelen, mengt den Henri Blandinières.

"Dat hänkt virun allem vun der Buedemaart of, an där d'Planzen ugebaut solle ginn", erënnert de Fuerscher a féiert aus, "dass een Zougank zu déiwe Waasserreserven hunn an eng Waasserstress-Toleranz entwéckele muss." Buedemqualitéit a Bewässerungsmanagement kënnen dohier d'Entwécklung vum Hanf limitéieren an en dorun hënneren, seng biologesch Eegenschaften ze notzen.

RTL

Champ de betteraves pendant l'irrigation par l'eau en plein soleil, près de Saint-Georges-sur-Eure, dans le centre de la France, le 13 août 2022 ( AFP / Jean-François Monier)

Schliisslech ginn am Ubau vun Hanf, wat eng widderstandsfäeg an insektenresistent Planz ass, bal keng oder guer keng Insektiziden a Pestiziden agesat. De séiere Wuesstem vun der Planz erstéckt och Onkraut, sou dass et net ëmmer noutwenneg ass, den Terrain mat Herbizide wéi och mat anere Kulturen ze sprëtzen.

"Hanf ass bekannt als eng Kultur, déi keng Planzeschutzmëttel brauch, eng Bio-Kultur", erkläert den Agriculteur a Fuerscher Jean-Pierre Sarthou. "Awer e braucht Dünger, Stéckstoff: et kann Dünger sinn, also organescht Material vun engem Bauer, deen Déieren hält, fir biologesch ze bleiwen (...) oder syntheetesche Stéckstoffdünger. A fir déi hierzestellen, brauch ee vill Energie, déi aus Pëtrol kënnt."

Stéckstoff versuergt d'Planze mat mineralesche Moleküllen, déi normalerweis bei der Ëmwandlung vun Humus am Buedem entstinn. Wann awer keen humusräiche Buedem virzefannen ass, muss organeschen oder stéckstoffhaltegen Dünger besuergt ginn. Den Hanf brauch am Ubau "zweemol sou vill Stéckstoff" wéi Weess oder Raps, sou d'Estelle Delangle, Projektmanagerin beim Europäeschen Hanfzenter.

RTL

Quantité d'engrais azotés utilisés par hectare de terres cultivées dans le monde, par pays en 2019 ( AFP / Valentin RAKOVSKY, Laurence SAUBADU)

D'Eegenschafte vun Hanf kënnen d'Buedemqualitéit verbesseren, wann en an e Kulturrotatiounssystem integréiert gëtt, fir d'Resilienz vum landwirtschaftleche System ze erhéijen, sou den Agrarfuerscher Henri Blandinières.

"Hanf wierkt sech och positiv op d'Buedemqualitéit aus, en huet d'Fäegkeet, de Buedem ze strukturéieren an e mat organeschen Offäll unzeräicheren", erkläert de Fuerscher an ënnersträicht d'Liichtegkeet vun séier wuessender Planz a füügt dobäi, dass "d'Integratioun vun Hanf an e Kulturrotatiounssystem d'Entwécklung vum Zyklus vu Krankheetserreeger, déi an de grousse Kulturen erëmzefanne sinn, begrenze kann."

Wann et méi Textilien op Basis vun Hanf géif, kéint dann d'Pestizidindustrie komplett verschwannen? Falsch

Och wann de Verbrauch un Textilien aus Hanf staark wuesse sollt, wat den Ubau vu Kotteng an den Asaz vu Pestizide reduzéiere géif, kann Hanf net all déi ugebaute Planzen ersetzen.

"Et gëtt vill Narungsplanzen, déi Hanf net ersetze kann", erkläert den Agrarfuerscher Henri Baldinières. "De globalen Asaz vu Pestiziden kann net verschwannen, onofhängeg vum Entwécklungsstand vun der Hanfindustrie."

Hanf gëtt traditionell fir Pabeier, Fuddermëttel, Paillage horticole, Päerdstréi; an a klenge Quantitéite fir nei Mäert mat héijem Rendement, zum Beispill am Bausecteur, Textilien an am Automobilsecteur. Pabeier mécht 50 % vum Ofsaz vun der Hanfindustrie aus. De Bausecteur generéiert 30 % vum Ëmsaz vun der Branche.

"Op franséischer Säit besteet e staarke Wëllen, eng 100 % franséisch Hanf-Textilindustrie ze entwéckelen" sou d'Estelle Delangle, "entweder gi Kuerzfasere mat anere Fasere gemëscht, fir Jeans-Boxen oder Hiemer hierzestellen, oder et gëtt mat equivalentem Hanf geschafft, fir héichwäerteg, awer nach ëmmer handwierklech Produiten, déi weiderhin um Prototyp baséieren."

RTL

Cette photo prise le 27 juin 2022 montre une bobine de fil fabriquée à partir de fibres de chanvre dans l'entreprise "Les Chanvres de l'Atlantique" qui utilise le chanvre sous forme d'huile pour les cosmétiques, de graines pour l'alimentation et de fibres pour le textile et la construction à Saint-Geours-de-Maremne, dans le sud-ouest de la France. ( AFP / Gaizka Iroz)

Déi éischt Jeans-Boxen goufen aus Hanf hiergestallt an d'Wuert "Canvas" ass den Numm vun Hanfprodukter? Falsch

D'Geschicht vun der Jeans ass mat der Geschicht vum Kotteng an Europa verbonnen. D'"Futaines", grouss Kottengstoffer - ob eenzel, mat Flues, Woll oder Hanf gemëscht -, goufen an Norditalien a grousse Quantitéiten hiergestallt an dann an England exportéiert. Der Encyclopedia Universalis no "goufe se an de Regëstere vum Londoner Hafen als Jean oder Jeane bezeechent."

"Zanter der Implantatioun vun der Kottengindustrie am Nordoste vun de Vereenegte Staate um Enn vum 18. an Ufank vum 19. Joerhonnert gehéieren Jeans an Denim zu de gängege Stoffer", heescht et an der Encyclopedia Universalis. Well d'Stoffer ganz strapazéierfäeg sinn, goufe se als Aarbechtskleedung benotzt. Am Nordoste vun de Vereenegte Staaten, an Neiengland, huet de Levi Strauss 1860 an der Manufaktur vun Amoskeag den Denim vu senger Aarbechtsbox kaaft an huet mat der Vermaartung vun der éischter Jeans ugefaangen.

Et kann een also soen, dass Jeans net ausschliisslech aus Hanf hiergestallt goufen, mee dass Hanf a Kombinatioun mat Kotteng a Fluess fir d'Hierstellung vu "Futaines" benotzt gouf, déi d'Entwécklung vun Jeans- an Denimstoffer ervirbruecht hunn.

D'Wuert "Canvas" ass net wierklech déi richteg Bezeechung fir Produkter aus Hanf. Warscheinlech bezitt sech d'Wuert "canevas", wat am Alfranséischen "aus Hanf hiergestallt" bedeit an dem Dictionnaire Larousse no e "ganz grousse onbeaarbechte Stoff aus Fluess, Hanf oder Wéckelgarn, dee fir d'Hierstellung vun Dicher benotzt gouf" ass. Vun dësem Wuert staamt dat haitegt Wuert "Canevas" of, dat virun allem "Kottengstoffer oder Kottengmëschung" bedeit.