Vill Leit gënne sech nom Sport oder no engem ustrengenden Dag eng Fläsch Béier. A grousse Quantitéiten ass Béier, an Alkohol insgesamt, e Risikofacteur fir neurologesch Krankheeten. Och wann eng Rei Internetsäite Béier als Léisung fir d'Alzheimer-Krankheet priedegen, ass deem net esou.

"Alzheimer: Béier schützt virun der Krankheet!", titelt d'Vosges Matin den 28. November. "Béier drénke kéint virun der Alzheimer-Krankheet schützen!", huet den Est Républicain de 5. Dezember annoncéiert. Den Dauphiné libéré huet op senger Facebook-Säit erkläert, dass dëst Gedrénks "d'Léisung si kéint, fir der Alzheimer-Krankheet ze entkommen".

Zanter Enn Oktober hu vill Medien eng Etüd, déi de 25. Oktober publizéiert gouf, opgegraff an Artikele mat Titelen, déi an d'A sprangen, geschriwwen, déi dorop hindeiten, dass Happ - an eben och Béier - d'Alzheimer-Krankheet verhënnere kéint. Alzheimer ass eng neurodegenerativ Erkrankung, déi als eng vun den Haaptursaache fir Demenz gëllt, déi d'Gediechtnes- an d'Konzentratiounsfäegkeet beanträchtegt.

"Béier, méi genee d'Bléi vum Happ, hätt eng net ze neuroprotektiv Wierkung, déi een net vernoléissege kéint, fir eis virun Alzheimer ze schützen", schreift den Est Républicain a sengem Artikel.

RTL

Capture d'écran d'un article de l'Est Républicain, publié le 5 décembre 2022 (Capture d'écran du 9 janvier 2023)

Béier, e preventiven Traitement, deen ënnersicht gëtt

Awer wat seet dës Etüd wierklech aus, déi an der Zäitschrëft ACS Chemical Neuroscience verëffentlecht gouf? D'Ekipp vu Wëssenschaftler vun der Universitéit Mailand-Bicocca ënner der Leedung vum Alessandro Palmiolo an der Cristina Airoldi huet no natierlechen Närstoffer gesicht, déi hëllefe kënnen, d'Haaptmechanisme vun der Alzheimer-Krankheet ze verhënneren.

Véier Zorte vun Happ, déi a verschiddene Béierzorte virkommen, goufe vun de Fuerscher mobiliséiert, fir hiren Effekt op de Protein Amyloid ze ënnersichen, deem seng anormal Accumulatioun vun Nervenzellen a Form vu Plaquetten am Gehier bei Patiente mat der Krankheet d'Ursaach vun der Alzheimer-Krankheet si kéint, och wann déi genee Ursaach vun der Erkrankung nach ëmmer net verstane gëtt.

De Resultater vu enger Rei vu Versich no souwuel in vitro (un Zellen) wéi och in vivo (u Wierm), waren déi verschidde Molekülle vun Happ capabel, d'Forméierung vu Molekülle vu Amyloid ze hemmen, nieft aneren neuroprotektiven Effekter, déi observéiert goufen.

RTL

Illustration des effets d'Alzheimer sur le cerveau humain ( AFP / John SAEKI)

Mä d'Etüd, an där d'Presenz vun Happ a Béier erwäänt gëtt, deit op kenger Plaz dorop hin, dass Béier als preventiven Traitement a Betruecht komme kann. Ausgoend vun de Resultater, déi déi neuroprotektiv Wierkung vun Happ beleeën, erwänen d'Fuerscher just de méigleche preventiven Notze vu zukünftege Medikamenter op Basis vun Happ géint Alzheimer.

Awer wéi eng Rei Spezialiste géintiwwer der AFP betount hunn, gëtt et e groussen Ënnerscheed tëschent enger Effikassitéit, déi am Labo observéiert gëtt, an enger méiglecher Effikassitéit beim Mënsch.

"Liichtjoren" tëschent Resultater aus dem Labo a Preventioun 

D'Auteure vun der Etüd hunn zum Zäitpunkt vun der Verëffentlechung vun dësem Artikel net op d'Demande vun der AFP reagéiert, awer alleguer d'Alzheimer-Fachleit, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, warne viru vireilege Konklusiounen, déi doraus gezu kéinte ginn.

Alleguer bestätegen, dass et onméiglech ass, iwwer Béier als preventiven Traitement géint d'Alzheimer-Krankheet ze schwätzen, nëmme wéinst dësem Artikel.

Déi befrote Fuerscher appelléieren och zu grousser Virsiicht wéinst den Auswierkunge vun Happ op d'Alzheimer-Krankheet a weisen dorop hin, dass dës Grondlagefuerschung am Moment net op Resultater beim Mënsch schléisse kann.

"Zu dësem Zäitpunkt ass et onméiglech ze behaapten, dass Béier oder Happ eng preventiv Wierkung op d'Alzheimer-Krankheet huet", erkläert de Richard Lévy, Direkter vum Institut de la mémoire et de la maladie d'Alzheimer (IM2A) vum neurologeschen Departement vun der Klinick Pitié-Salpêtrière den 9. Januar der AFP. Den Neurolog beschreift eng Etüd, déi nach "ganz wäit vu klineschen Etüden ewech ass. Mir befannen eis bei wäitem nach net an de selwechte preklinesche Phasen, fir et bei Mamendéieren nozeweisen, a scho guer net beim Mënsch."

"Et ass eng biologesch Analys, déi zu kengem Zäitpunkt weist, dass Molekülle vun Happ beim Mënsch wierksam sinn", confirméiert de Jean-Charles Lambert, Neurowëssenschaftler um Institut Pasteur zu Lille, der AFP de 6. Januar. Hien erënnert besonnesch dorun, dass d'In-vitro-Etüd un Zellkulturen duerchgeféiert gouf, déi "wäit fort vun dësem komplexe Modell" wären. D'In-vivo-Etüd stëtzt sech op Wierm (Elegans), deenen hire Fonctionnement "zimmlech wäit fort vum Mënsch" ass.

"Dëse ganz einfache Modell erméiglecht et, eng Virstellung ze kréien, awer et ass sécher net méiglech, Schlussfollgerungen aus esou enger Etüd ze zéien", seet hie weider. "Dat ass nach ëmmer eng grondleeënd Recherche, déi am Moment guer kee klineschen Interessi weist." E weidere Punkt,  deen d'Carole Dufouil, Epidemiologin a Fuerschungsdirektesch um Inserm, de 4. Januar am Gespréich mat der AFP rappelléiert huet: "Wéi oft goufe Resultater vun in-vitro- an in-vivo-Etüde fonnt, wou den Iwwergang op de Mënsch net funktionéiert huet".

D'Fuerscherin wonnert sech doriwwer, dass an der Etüd mam Titel "Preventioun vun der Alzheimer-Krankheet duerch natierlech Komponenten" esou e Preventiounszil erwäänt gëtt. "D'Etüd befaasst sech iwwerhaapt net mat der Alzheimer-Preventioun, sou muss een d'Resultater esou analyséieren, wat se sinn, awer keng vireileg Konklusiounen zéien. Tëschent de Resultater an dem Passage op de Mënsch an d'Preventioun leie Liichtjoren."

RTL

Une bénévole tient la main d'une patiente atteinte de la maladie d'Alzheimer, à Dax, dans le sud de la France. ( AFP / PHILIPPE LOPEZ)

D'Hypothees, déi säit 1992 besteet, dass de Protein Amyloid d'Ursaach vun der Krankheet ass, ass an der Wëssenschaft deelweis ëmstridden. "Et gëtt zwou Schoulen", wéi de Richard Lévy et beschreift. "Fir eng Schoul ass de Protein Amyloid pathogeen. Awer fir anerer ass de Protein just eng Konsequenz vun der Krankheet, déi een observéiere kann".

De 6. Januar gouf de laang erwaarten Traitement géint Alzheimer vun den US-amerikanesche Gesondheetsautoritéite geneemegt, Lecanemab, deen d'Oflagerunge vun dësem Protein op den Neuronen uviséiert. D'Zouloossung duerch d'Food and Drug Administration (FDA) baséiert op de Resultater vu klineschen Etüden, déi gewisen hunn, dass d'Medikament d'Amyloid-Plaquettë reduzéiere kann.

Ze vill Alkohol ze drénken, ass e Risikofacteur fir Alzheimer

Doriwwer eraus ass dorop hinzeweisen, dass Alkohol haut am Allgemengen an éischter Linn als Risikofacteur fir Alzheimer an Demenz ugesi gëtt, déi neurologesch als Beanträchtegung vun de kognitive Funktiounen definéiert gëtt, déi de chronesche Verloscht vun der Autonomie als Konsequenz huet.

"Alkohol gëtt allgemeng als Risikofacteur ugesinn, wann et sech ëm grouss oder reegelméisseg Quantitéiten handelt", betount d'Carole Dufouil. Hir epidemiologesch Fuerschungsaarbechten u méi wéi enger Millioun Mënschen a Frankräich tëschent 2008 an 2013 hu gewisen, dass "alkoholbedéngt Stéierungen en Haaptrisikofacteur fir d'Optriede vun allen Demenzformen duerstellen, besonnesch vun der fréier Demenz".

Awer Alkohol ass net deen eenzege Risikofacteur. Insgesamt kéinten doduerch ongeféier 40 Prozent vun den Demenzerkrankunge verhënnert oder verzögert ginn, andeem zum Beispill eng Dose Risikofacteure wéi iwwerméissegen Alkoholkonsum, Fëmmen, Kappstéiss, Depressiounen a Loftverschmotzung reduzéiert ginn, esou eng Etüd, déi 2020 vun der Kommissioun "Prévention, intervention et soin de la démence" vun der Fachzäitschrëft The Lancet verëffentlecht gouf.

Risikofacteuren, déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an hir Preventiounspolitik opgeholl goufen. D'Vereenten Natioune weisen och dorop hin, dass weltwäit méi wéi 55 Millioune Mënschen un Demenz erkrankt sinn. Opgrond vum Méi al gi vun der Populatioun dierft dës Zuel bis 2030 op 78 Milliounen a bis 2050 op 139 Millioune klammen.

Demenzerkrankungen, vun deene 60 bis 70 Prozent op d'Alzheimer-Krankheet zeréckzeféiere sinn, "beanträchtegen d'Gediechtnes, d'Denken, d'Orientéierung, d'Verstoen, d'Rechnen, d'Fäegkeet ze léieren, d'Sprooch an d'Urteelsverméigen", sou d'WHO op hirer Internetsäit.

Reegelméisseg observéiert wëssenschaftlech Verknäppungen

Dat gewotent Iwwerhuele vun dëser italieenescher Etüd a ville Medien huet op alle Fall vill Wëssenschaftsjournalisten opgeschreckt. D'Presidentin vun der Associatioun vun de wëssenschaftleche Journaliste vun der Informatiounspress (AJSPI), Agnès Vernet, huet op Twitter Beispiller fir "onverantwortleche Gesondheetsjournalismus" genannt.

De Conseil de déontologie journalistique et de médiation (CDJM), e Gremium fir journalistesch Deontologiefroen, deen am Joer 2019 ageriicht gouf, huet och reegelméisseg op bestëmmte journalistesch Praktike bei der Behandlung vu wëssenschaftleche Froen higewisen.

An enger Rei vu Recommandatiounen, déi am November 2022 publizéiert goufen, bedauert de Rot, dass "d'Oflenkunge bei der Behandlung vu wëssenschaftlechen a medezinesche Froen an de Medien net nei sinn an a bestëmmte beruffleche Praktike verankert ze si schéngen".

Fir esou Situatiounen ze verhënneren, huet de CDJM eng Rei Rotschléi ginn, fir esou Widderhuelungen ze evitéieren. De Gremium recommandéiert beispillsweis "d'Erkenntnisser, déi vu Fuerscher oder pharmazeutesche Laboratoiren ugekënnegt ginn a seelen onmëttelbar Auswierkungen op eng Verbesserung vun Traitementsmethoden hunn, mat Virsiicht ze annoncéieren", awer och "net mat de Risiken ze iwwerdreiwen oder net bewise gesondheetlech Virdeeler duerch verännert Gewunnechte bei der Ernierung oder bei Medikamenter ze iwwerdreiwen".

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.