E Video vu bluddege syresche Schoulkanner, déi no enger Explosioun jäizen, gouf am Internet als grujeleg Dot an der Gazasträif duergestallt. Dës falsch Duerstellung läit an engem Trend vun Desinformatiounen, dee Fuerscher no d'Affer vu béide Säiten entmënschlecht.

D'Faktenchecker vun der AFP hunn zënterhier vill Social-Media-Bäiträgentlarvt, déi Videoen a Fotoen aus Syrien an de Kontext vum Israel-Hamas-Konflikt gestallt hunn - e puer Fotoe stame souguer am dem Joer 2013. Dës Bäiträg integréiere sech an e Krich vu verzerrten Erzielungen, dee sech paralllell zu den tatsächleche Kämpf tëscht Israel an den Hamas-Kämpfer ofspillt.

E Film vun engem Léierpersonal vu verängschtege Kanner sollt de syresche Biergerkrich, deen zënter 2011 undauert, ënner dem President Bashar al-Assad dokumentéieren. Dëse Clip gouf awer fälschlecherweis, wéi scho ganz vill anerer, am Internet mam aktuelle Konflikt tëscht Israel an der Hamas a Verbindung bruecht.

De Clip huet den Artilleriebeschoss vum syresche Regimm den 2. Dezember vun dësem Joer an der Uertschaft Afes agefaangen. D'Rettungsekipp vun de wäissen Helmer, déi an de Gebidder, déi vun de Rebellen an Nordsyrien gehale ginn, am Asaz ass, huet der AFP matgedeelt, dass Schrapneller a Klassesäll geflu sinn an eng Rei Schüler blesséiert hunn.

Eng Léierin ass spéider un hire Wonne gestuerwen, déi si bei der Bommenattack erlidden huet.

Mee Notzer vu sozialen Netzwierker, vun deenen e puer vill Follower hunn, hu fälschlecherweis behaapt, dass de Video déi grujeleg Doten an der Gazasträif, honnerte Kilometer ewech, weise géif, wou Israel seng Militäroffensiv géint d'Hamas virundreift.

Eng Rëtsch Bäiträg op X, fréier Twitter, hu fälschlecherweis behaapt, de Video géif israeelesch Sniper, déi Kanner erschéissen, weisen.

RTL

© AFP

De Schouldirekter Kenan Masoud, deen der AFP matgedeelt huet, dass et Schwieregkeete géif, d'Schoul nees un d'Goen ze kréien, an deen d'Gejäiz vun de Kanner nach ëmmer net vergiesse kann, huet dës Desinformatioun als "traureg an eekelhaft" bezeechent.

"Biller vu Kanner a Blesséierte si keng Wuer", sot hien.

"Wierklechen Horror"

Den Ismail al-Abdullah, e Fräiwëllege vun de Wäisshelmer, sot, déi falsch Beschreiwung ënnergrueft "d'Gravitéit vum reellen Horror, deem d'Zivilbevëlkerung ausgesat ass", souwuel op palästinenseschem wéi och op syreschem Gebitt.

"Eis Geschicht ass keng Fiktioun, déi Mënschen einfach ännere kënnen, fir eng aner Geschicht ze erfannen", sot hien der AFP.

De Clip aus der Schoul, dee falsch duergestallt gouf, huet, wéi et schéngt, versicht, am Internet mat reelle Biller vu Kanner a Gaza ze konkurréieren, déi an dësem déidleche Krich am schlëmmste betraff sinn. Et si si, déi dacks vu professionelle Journalisten ënner héijem Risiko mat der Kamera agefaange ginn.

Déi mëssbraucht Biller, sou Experten, verschleieren d'Noutsituatioun vun der Zivilbevëlkerung a béide Krichsgebidder a ginn der Ëffentlechkeet gläichzäiteg e falscht Bild vun de Konflikter.

E Video, deen de Bäiträg no den Horror a Gaza weise soll, huet a Wierklechkeet e syresche Jong am Joer 2014 gewisen, dee wéinst dem Doud vu senge Geschwëster gekrasch huet. Eng weider Foto aus dem Joer 2013 mat doudege syresche Kanner gouf am Internet och falsch duergestallt, ënner anerem vun enger amerikanescher Kongressdeputéiert.

RTL

© AFP

"Bei der Desinformatioun geet et net just dorëm, Iech dozou ze bréngen, eng Ligen ze gleewen, mee och fir Iech géint déi 'aner Säit' opzebréngen", sot de Lee McIntyre, e wëssenschaftleche Mataarbechter op der Boston University, géintiwwer der AFP.

"Desinformanten tendéieren dozou, Biller mat héich emotionalem Contenu ze benotzen. Dobäi spillt et keng Roll, ob dës Biller aus dem aktuelle Konflikt stamen oder aus engem vergaangenen."

Zu dëse Leit, déi recycléiert al Biller benotzen, gehéiere prominent Influencer, déi an der Vergaangenheet déi grujeleg Dote vum syresche Regimm niéiert hunn, dozou gehéieren och déi gutt dokumentéiert Asätz vu Chemiewaffe géint dat eegent Vollek, sou déi digital Investigativgrupp Bellingcat.

Vill Createuren, déi esou Desinformatiounen op X deelen, notzen en Ad-Revenue-Sharing-Programm - e Programm, mat deem Informatiounen als Reklamm deklaréiert ginn -, dat de Fuerscher no falsch, extreem Contenue fërdert, déi d'Engagement steigere sollen.

Ënner hinnen ass de rietsextreemen US-Influencer Jackson Hinkle, deen am November e Bild vun enger Fra mat engem Spillauto am Grapp, déi eng Trap vun engem Gebai, dat vu Schrapneller getraff gouf, erofgeet, mat der Bezeechnung "You CANNOT BREAK the Palestinian spirit" (Dir kënnt de palästinensesche Geescht net briechen) gedeelt huet.

RTL

© AFP

D'Bild gouf a Wierklechkeet 2016 an der syrescher Stad Homs gemaach, wat AFP-Faktenchecker mat Hëllef vun enger ëmgekéierter Billersich fonnt hunn.

"Schiet vun Zweiwel"


"D'Gefor vun enger falscher Kennzeechnung besteet doran, dass se an d'Hänn vu Kritiker fält an hinnen eng einfach Méiglechkeet gëtt, legitimm Fuerderungen zeréckzeweisen", sot de Roger Lu Phillips, Direkter vum syreschen Zenter fir Justiz a Comptabilitéit.

Déi falsch Kennzeechnung vu reelle Biller wéi dem Afes-Schoulclip ass net nei. Al Biller ginn online mëssbraucht, fir aner Krichsgebidder wéi d'Ukrainduerzestellen.

D'Feelinterpretatioun wär "dacks fir propagandistesch Zwecker" an heiansdo "aus renger Faulheet", sot de Phillips.

Esou Feelinformatioune "geheie Schiet vun Zweiwel an d'Häerzer vun de Mënschen", sot d'Ranim Ahmed vun der Mënscherechtsorganisatioun "The Syria Campaign".

Si sot och, et kéint d'Zuschauer dozou zwéngen, "sech dofir ze entscheeden, näischt ze soen, amplaz Solidaritéit ze weisen oder sech fir d'Mënscherechter anzesetzen".

D'Konfusioun doriwwer, wat wierklech aus dem aktuelle Konflikt stame géif, géif och zukünfteg Ermëttlungen zu Krichsverbriechen a Gefor bréngen, soten Experten.

"Et ass wichteg, Biller mat engem Element vu Virsiicht ze betruechten", sot d'Sophia Jones, eng Fuerscherin vu Human Rights Watch, géintiwwer der AFP.

Esou Onwourechten "droen zu engem geféierleche Mësstraue géintiwwer alle Biller an Evenementer op der Plaz bäi", souguer wa Fäll vu Mëssbrauch a Krichsverbriechen dokumentéiert sinn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.