Op de Galápagos-Insele gouf e liewegt Exemplar vun der Riseschildkröt entdeckt, vun där een ausgaange war, dass se ausgestuerwe wier.

Dat erwuessent Weibche vun der Ënneraart Chelonoidis Phantasticus gouf op der Insel Fernandina entdeckt. Zanter iwwer engem Joerhonnert huet d'Chelonoidis Phantasticus als ausgestuerwe gegollt.