5 Joer nodeems d'Juegd op Elefanten am Botsuana verbuede gouf, soll dëse Verbuet elo nees opgehuewe ginn. D'Elefantepopulatioun wier staark gewuess.

Si wier elo sou grouss, dass d'Landwirtschaft drënner leider géif, heescht et vum Ëmweltministère zu Gaborone. Ronn 135'000 Elefante sollen am Botsuana liewen... dat wier déi gréissten Unzuel vun Elefanten a ganz Afrika. Verschidden Experte gi souguer vun 160'000 Déieren aus. Dat wieren der bal 3 mol sou vill wéi virun 30 Joer.