Däitschland wëll jo eréischt 2038 ophalen, Stroum mat Kuelen ze produzéieren. Fir de Conseilspresident vu VW, Herbert Diess, ass dat "vill ze spéit".

Wann ee géint d'Äerderwiermung virgoe wéilt, da misst een elo un de groussen Hiewelen usetzen, esou de VW-Chef an engem Interview. Et wier och méi sënnvoll gewiescht, fir d'éischt aus de Kuel an duerno aus der Atomenergie erauszeklammen.

Fossil Energieträger, an do virun allem d'Brongkuel, missten an Zukunft evitéiert ginn.