En Donneschdeg war ewell deen 31. Dîner en blanc zu Paräis, op enger onerlaabter Plaz, déi bis de leschten Ament geheim gehale gouf.

Ma vun den Tuilerië goufen déi wäiss Gäscht, déi sech selwer invitéiert haten, fortgeschéckt - déi eng si bei de Carrousel vum Louvre gaangen, déi aner op d'Place de la Concorde.

Beim Dîner geet et jo drëm, zesummenzekommen an e flotten Ament ze hunn, ouni Béier an héichprozentegen Alkohol an duerno ouni Spuren, also ouni Dreck, nees ze verschwannen ... Wäin a Schampes sinn awer erlaabt.