Net nëmmen de Fotograf, ma och déi zwee Déiere mussen net schlecht gestaunt hunn.

"Ech hu scho verréckte Saache gesinn, awer nach näischt ewéi dat do": den US-Amerikanesche Fotograf a Mieresbiolog Chase Dekker war am Gaangen e puer Buckelwalen nozekucken, déi Anchoise gejot hunn, wéi hien déi aussergewéinlech Seene gesinn huet. E Séiléiw ass net méi mat Zäiten aus de Féiss komm an ass an der Schnëss vum Wal gelant.

De Buckelwal, dee sech nëmme vu Krill a klenge Fësch erniert, huet de Mond awer net zougemaach, an de Séiléiw konnt sech séier erëm duerch d'Bascht maachen.