Mat enger Fotomontage huet den 73 Joer alen US-amerikanesche President op Rumeuren iwwert säi Gesondheetszoustand reagéiert.

Datt den Donald Trump gär de staarke Mann markéiert, ass net nei. Op Twitter huet hien awer elo e Bild gedeelt, op deem hie "säi" muskuléise Kierper inzenéiert. Den Donald Trump, dee sech selwer als "Sportsmuffel" bezeechent, gëtt awer gär mat sengem Kierper un. Hie behaapt, Dokteren hätte gesot: "Weist eis wgl. Är herrlech Broscht. Mir hunn nach ni esou eng Broscht gesinn".

Net nëmmen den Trump gouf als staarke Mann duergestallt. Och e Bild vum Jean-Claude Juncker mécht aktuell den Tour am Internet.