E Fluch vun Delta Airlines, deen aus West Palm Beach a Florida koum, huet bei senger Landung eng offensichtlech Beschiedegung opgewisen.

De Pilot huet de Fliger missten um JFK noutlanden, well hie Problemer mat der Technik bemierkt hat. Eréischt no der Landung ass opgefall, datt d'Schnëss vun der Maschinn agedréckt war.

Trotz dësem Blechschued konnt de Pilot de Fliger ouni gréisster Problemer a sécher landen. Den 43 Passagéier u Bord ass näischt geschitt.

Ufanks gouf driwwer spekuléiert, ob de Fliger net vu Knëppelsteng getraff gi wier. Ma, well awer Spuere vun engem Vull fonnt goufen, ass ee vun där Theorie erofkomm.

D'Maschinn sollt u sech op den "La Guardia" Flughafen zu New York fléien, dee ronn 10 Meilen nërdlech vum JFK läit.