Fir Vältesdag suergt d'Jill Biden fir romantesch Stëmmung zu Washington.

Fir e bëssi Freed an Hoffnung ze verbreeden, huet si eng ganz speziell Bestellung an Optrag gi gehat. Rout, rosa a wäiss Häerzer goufe virun hirer Residenz opgeriicht, op deene Wierder wéi "Léift", "Eenheet", "Matgefill", "Famill", "Heelung" oder "Stäerkt" ze liese sinn.

Wierder, déi grad an Zäite vun engem gespléckten Amerika eng wichteg Roll spillen, fir d'Awunner nees ze vereenen.