De Bau vun enger 13 Meter laanger pinker Skulptur huet eng gréisser Debatt iwwert d'Verwendung vu Corona-Hëllefsgelder ausgeléist.

Ronn 200.000 Euro huet den Tëntefësch kascht, deen an der japanescher Stad Toto opgeriicht gouf. Domat hätt ee wéilten déi lokal Industrie ënnerstëtzen, heescht et vun engem Gemengenaarbechter. D'Uertschaft hätt nämlech immens ënnert dem Virus gelidden, dowéinst hätt een d'Industrie wëllen ukuerbelen.

Vun där Iddi waren allerdéngs net alleguerten d'Awunner begeeschtert. An de sozialen Netzwierker goufen de Buergermeeschter an déi lokal Politiker ënnert anerem kritiséiert, Steiergelder fir eppes benotzt ze hunn, wann een net onbedéngt bréicht.