Fir d'Leit ze motivéieren, sech vaccinéieren ze loossen, gouf sech a Rumänien eppes ganz Besonnesches afale gelooss.

Honnerte Mënsche stoungen de Weekend iwwer virun der Buerg Schlaang, fir hir Piqûre ze kréien. Eng aussergewéinlech Aktioun, déi sech un Touristen an Awunner geriicht huet. D'Kiischt um Kuch war bei dësem Impf-Rendez-vous, dass een nieft engem Zertifikat nach eng gratis Visite guidée duerch d'Folterkummer krut.

D'Schlass "Bran" gëtt mam Rumän Vlad Tepes aus dem 15. Joerhonnert a Verbindung bruecht, och bekannt ënnert dem Spëtznumm "Der Pfähler". Hien huet allerdéngs ni selwer an dem historesche Gebai gewunnt. D'Geschicht vum Vlad Tepes huet den ireschen Auteur Bram Stoker dozou animéiert, de Vampir-Roman "Dracula" am Joer 1897 ze schreiwen.