Zanter den 80er Jore gëtt 1 Mol am Joer an der Stad Lopburi e Festmenü organiséiert. Net fir Mënschen, mä fir Déieren.

Dëst Joer hu sech ronn 1.000 Makacke versammelt, fir zesummen ze frupsen. D'Offer u frëschem Uebst war riseg. Am beschten hätt den Afen déi sténkeg Fruucht "Durian" geschmaacht, hunn d'Organisateure verroden. En Ubléck, dee sech vill Touristen net wollten entgoe loossen an dowéinst vu wäit ewech ugereest sinn.