Ënnert anerem zu Duisburg a Berlin goufen et dës Woch Chrëschtbeemercher ze frupsen. Eng Traditioun a villen däitschen an europäeschen Zooen.

Net just Mënsche loossen et sech wärend an no der Chrëschtzäit esou richteg gutt goen, ma och bei den Elefante gouf et dës Joer nees Ofwiesslung fir de Gomm. Si duerfte sech déi lescht Deeg iwwer Chrëschtbeemercher freeën, déi net verkaf goufen.

Ma och aner Déiere wéi Känguruen, Antilopen oder Tigere wollte sech dës lecker Moolzecht net entgoe loossen an hu genësserlech un den Dänne geknabbert. E Genoss - net nëmme fir déi hongreg Mailer, mä och fir d'Visiteuren an den Déiereparken.