Zanter 1985 liicht wärend dem beléifte Schnéi- an Äisfestival am Zhaolin Park alles konterbont. Awer nëmme fir eng kuerz Zäit.

Op enger Fläch vu 750.000 Quadratmeter kréien d'Visiteure verschidden Themeparken ugebueden. Ee vun den Highlighten ass d'"Ice and Snow World", déi meterhéich Héichhaiser, Palaisen a Kierchen aus Äis ze bidden huet, déi an alle Faarwe liichten. E Spektakel fir Grouss a Kleng.

An der Regioun Harbin ass et am Wanter besonnesch kal. Bis zu -40 Grad kënnen am Nordoste vu China erreecht ginn. Well een domat net onbedéngt vill Touristen ulackelt, huet ee sech eppes afale gelooss. Resultat war d'Äis- a Schnéifestival, dat mëttlerweil zu engem vun de gréissten Evenementer an där Kategorie weltwäit zielt.