Ënner anerem stoung d'Visitt vum Musée Vat Sisaket, dem fréiere Palais royal um Programm. Fotoe vun der Sophie Marque / Maison du Grand-Duc.

Wärend e puer Deeg sinn de Minister fir d'Kooperatioun zesumme mam Grand-Duc Henri op Aarbechtsvisitt am Laos.

Um Programm vun den éischten zwee Deeg sti bilateral Reuniounen esou wéi d'Ënnerschreiwe vu verschiddene Kooperatiounsdeals tëscht béide Länner. Och eng Visitt op Sitten, déi mat Lëtzebuerger Kooperatiounshëllef ëmgesat goufen, ass geplangt.