De 7. Dezember 1972 ass mat der Apollo 17 net just déi lescht bemannt Mound-Missioun gestart, mä och eng vun de bekanntste Fotoe vun eiser Äerd entstanen.

Aus enger Distanz vu ronn 29.000 Kilometer ass den Indeschen Ozean, Madagaskar, bal ganz Afrika, Arabesch Hallefinsel a fir eng éischte Kéier an der Geschicht d'Antarktis ze gesinn.