Eis Fotografe Ketty a Rom Hankes haten hir Kamera beim traditionelle Fues-Rendez-vous zu Dikrech dobäi, grad ewéi och den Tim Morizet.

Wien awer iwwerhaapt emol bis op Dikrech komme wollt, huet e bëssi Gedold misste matbréngen. Um Sonndeg de Moie nämlech gouf et eng technesch Pann op der CFL-Streck tëscht der Stad an Ettelbréck a vill vun den Navetten, déi d'Fuesboke sollten op Dikrech bréngen, waren iwwerfëllt.