A Japan ass um Freideg den Optakt vum éischte Prozess géint déi Responsabel vun der Atomzentral vu Fukushima.

3 fréier Spëtzemanager vun der Firma Tepco gëtt zu Tokio de Prozess gemaach. Si kréie reprochéiert, d'Sécherheetsmesuren an der Zentral fir de Fall vun engem Tsunami net genuch verstäerkt ze hunn.

Geklot hu Familljememberen an Affer vun der Atomkatastroph. Bis haut waren hir Plainten ëmmer verworf ginn.

Zu Fukushima war wéinst engem schwéieren Äerdbiewen an engem Tsunami den 11. Mäerz 2011 de Killsystem ausgefall. Doropshin war et an direkt e puer Reakteren zu enger Kettereaktioun komm. Dräi vun de sechs Reaktere goufen duerch d'Katastroph zerstéiert an déi ganz Ëmgéigend radioaktiv verseucht.

Zéngdausende vu Leit hu mussen déi verstraalte Géigend zu a ronderëm Fukushima verloossen.