Luxair: 59 Leit koumen e Freidegowend zeréck op Lëtzebuerg
Op d'mannst zwee Doudesaffer huet ee Séibiewe virun der griichescher Insel Kos gefuerdert. Nom Biewen hat et ee klengen Tsunami ginn.
Ee staarkt Äerdbiewen gouf et an der Nuecht op e Freideg an der Grenzregioun tëscht der Tierkei a Griicheland virun der griichescher Insel Kos.
Op mannst zwou Persoune koumen ëm d'Liewen. Wéi et vum Buergermeeschter vun der Stad Kos heescht, géif et sech bei deenen Doudegen ëm zwee jonk Touristen, aus Schweden an aus der Tierkei, déi op der Insel Kos vu Steng erschloe goufen, handelen. Eng Bar war an e Coup gefall.

© AFP
Besonnesch am Zentrum vun der Insel, wou et och vill Bare ginn, ass de Schued grouss.
Op d'mannst 120 Persoune goufen engem éischte Bilan no blesséiert, 5 dovu schwéier.
Vu LuxairTours huet et e Freideg de Moien geheescht, datt si 236 Touristen op der Plaz zu Kos hunn.
LuxairTours huet e Freideg den Owend matgedeelt, datt een direkt Kontakt mat den Hoteller op der Plaz opgeholl hätt. Donieft huet een och all d’Cliente kontaktéiert, fir ze kucken ob alles an der Rei ass. Et géif och esou ausgesinn, wéi wa kee blesséiert wier.
Vun den 236 Clienten op der Plaz wollten der 59 esou séier wéi méiglech zeréck op Lëtzebuerg rapatriéiert ginn. D'Luxair ass nach e Freideg den Owend mat engem zousätzleche Fliger op d'Insel Kos geflunn, fir d'Leit zeréck an de Grand-Duché ze bréngen.
Weider schreift LuxairTours an engem Communiqué, datt déi nächst Flich op Kos den 23. an den 30. Juli sinn. Déi Passagéier, déi net méi verreese wéilten, kéinten hir Reservatioun ouni zousätzlech Käschten ëmbuchen oder stornéieren.
Familljemembere kënne bei eventuelle Froen d'Hotline vu LuxairTours uruffen um +352 2456-1.
D'Schreiwes vu LuxairTours e Freideg den Owend:
Erdbeben auf Kos
Nach dem Seebeben Donnerstagnacht auf der Insel Kos steht LuxairTours in ständigen Kontakt mit den
griechischen Behörden und den LuxairTours Reiseführern vor Ort.
Seit dem frühen Morgen hat LuxairTours alle LuxairTours Hotels in Kos kontaktiert um sicherzustellen dass
alle Kunden wohlauf und unverletzt sind. Desweiteren wurden alle 236 Kunden die sich derzeit auf der Insel
befinden von LuxairTours direkt kontaktiert.
Momentan scheint es als wären keine LuxairTours Kunden beim Erdbeben verletzt worden. Für
LuxairTours hat die Sicherheit der Kunden oberste Priorität und tut alles Nötige um diese zu gewährleisten.
Um der Nachfrage von 59 Kunden die so schnell wie möglich zurück nach Luxemburg reisen wollten
entgegen zu kommen, wird Luxair Luxembourg Airlines heute Abend einen zusätzlichen Flug nach Kos
durchführen.
Der nächste planmäßige Luxair Flug nach Kos wird diesen Sonntag, 23. Juli 2017 durchgeführt. Kunden
die einen Urlaub auf Kos gebucht haben und am 23. Juli ihre Reise nicht antreten wollen, können ihre
Buchung ohne zusätzliche Kosten umbuchen oder stornieren. LuxairTours wird alles tun um alternative
Reiseziele für seine Kunden zu finden.
Eng Aenzeien vu Lëtzebuerg erzielt
Ënnert den Honnerte vu Lëtzebuerger Touristen an der Ägäis-Regioun war och d'Diane Wünsch, déi mer de e Freideg de Moien op Kos areecht hunn an d'Biewen esou mat erlieft huet:
"Ech si géint 01.30 Auer erwächt, do huet et extrem gerubbelt a gewackelt. Ech hu mech op meng Mamm vu 86 Joer geluecht, fir si ze schützen, duerno si mir erausgelaf. Do war schonn all Mënsch dobaussen an et ass Panik ausgebrach."
A wann d'Biewen dann bis eriwwer ass, geet d'Angscht natierlech nach weider, wéi d'Diane Wünsch beschreift.
"Elle sinn d'Nobiewen, relaxéieren oder schlofen geet net méi. D'Leit waren och d'ganz Nuecht op. Kos-Stad ass immens betraff, op eiser Plaz, wou mir sinn ass näischt zerstéiert."
D'Biewen hat eng Intensitéit vu 6,7 op der Richterskala. De Schued op der Touristeninsel wier deemno enorm, heescht et. Ënnert anerem goufe vill Schëffer am Hafen zerstéiert, déi un d’Land geschwemmt goufen. Aenzeien no goufen a villen Hoteller op der Insel d'Leit opgefuerdert, de Recht vun der Nuecht am Fräien ze verbréngen. Bis an déi fréi Moiesstonnen era goufen och ëmmer nees Nobiewe registréiert.
Op Rhodos wiere keng Affer a Materialschued ze bekloen, esou d’Police.
Ma net nëmmen op de griicheschen Inselen huet et geziddert, d’Séibiewen war och an der Tierkei ze spieren, wou d’Leit aus de Better gehäit goufen.