Ënner anerem war hie Kommandant vum éischte Space-Shuttle-Fluch a war selwer um Mound.

Am ganze sechs Mol war den John Young am Weltraum, a war och de éischten Nasa-Astronaut, deen esou dacks eise Planéit verlooss huet. Ënner anerem war hie Member vun Apollo 10, déi ronderëm de Mound geflu sinn, fir d'Landung vun Apollo 11  1969 ze preparéieren. An der Apollo 16 Missioun am Joer 1972 ass hie souguer um Mound gelant an drop "spadséiert".

E Freideg den Owend Lokalzäit ass hien no Komplikatioune un enger Pneumonie gestuerwen, dat am Alter vu 87 Joer. Um Samschdeg huet d'Nasa iwwer Twitter matgedeelt, datt e ganz traureg iwwer de Verloscht vum John Young wier. Weider huet et geheescht, datt d'Nasa, awer och déi ganz Welt, mam Young e Pionéier verluer hätt.

Der Trauer huet sech och de fréieren US-President George H. W. Bush ugeschloss, dee mam Young méi wéi e gudde Frënd, ma och nach e richtegen amerikanesche Patriot verluer hätt. Den John Young hätt fir all dat Bescht am amerikanesche Geescht gestanen, hien hätt ëmmer no Vir gekuckt an ëmmer probéiert, nach méi z'erreechen, sou de fréiere President an engem Statement.