Apple Store evakuéiert wéinst engem Problem mat engem iPhone

© afp
Eng Explosioun a vill Damp hu fir Panik an engem Schwäizer Buttek gesuergt, 50 Leit hu missen evakuéiert ginn.
En Dënschdeg huet eng iwwerhëtzte Batterie vun engem iPhone een Techniker blesséiert a ganz vill Damp produzéiert. 7 Persoune si medezinesch behandelt ginn, ouni an d'Klinik mussen ze goen.
Der lokaler Police no ass den Incident dee Moment geschitt, wéi een Employé vun Apple dobäi war, d'Batterie aus dem Smartphone erauszehuelen. Dës Persoun gouf liicht un der Hand blesséiert. D'Autoritéiten hu präziséiert, dass dee Moment och ganz vill Damp aus dem Apparat erauskoum, esou dass eng ronn 50 Leit, Clienten a Personal, hu misse provisoresch de Buttek verloossen.
D'Police huet och betount, dass d'Personal vum Geschäft richteg reagéiert huet, andeems si déi defekt Batterie mat Quartz-Sand bedeckt hunn. De Lokal gouf och den Ëmstänn entspriechend no grëndlech gelëft.
Den Ausléiser vum Problem ass nach net ganz kloer, eng intern Enquête bäi Apple ass ordonnéiert ginn. D'Batterie schéngt bäi Smartphonen e ganz problematesche Schwaachpunkt ze sinn, nodeems esou Accidenter reegelméisseg gemellt ginn, sief et bäi Apple oder anere Marken wéi Samsung ...