D'Fro vun den transnationale Lëschte bei der Europawahl steet och e Freideg nees um Ordre du Jour vum informellen EU-Sommet zu Bréissel.

An dat obwuel d'EU-Parlament schonn Ufank Februar dogéint gestëmmt huet an dës Lëschten also just kéinte bei deenen iwwernächste Wahlen a 6 Joer eventuell Realitéit ginn. Dës Propositioun huet fir e Broch ënnert den europäesche Parteien an och tëscht den Europadeputéierte gesuergt. D'Meenunge gi wäit auserneen. D'Annick Goerens huet an dem Kontext mat enger jonker, apolitescher a ganz pro-europäescher Organisatioun zu Lëtzebuerg geschwat.

AUDIO: Jeunesse Européenne du Luxembourg / Reportage Annick Goerens

D'Jeunesse Européenne du Luxembourg existéiert zanter 1979 a gouf ënner anerem vum groussen Europäer Robert Schumann mat gegrënnt. Als apolitesch Organisatioun sëtze si sech fir e gëeenegt, federaalt Europa an a wëllen d'europäesch Iddi verbreeden, erkläert de President vun der JEL, de Christophe Origer.
A genee well een d'Iddi vun engem federalen Europa verdeedegt, huet sech d'JEL an engem Communiqué géint transnational Lëschten ausgeschwat. Dobäi hätten d'EU-Bierger jo en Theorie zwou Stëmmen: eng fir ee Kandidat aus hirer Regioun an eng fir eng Lëscht wou Politiker aus verschiddene Länner drop wären. Bei der JEL ass een der Meenung, datt et beim Europaparlament, déi haut déi demokrateschst Institutioun an Europa ass, falsch wär, de Lien tëscht den Europadeputéierten an de Bierger ewechzehuelen. Fir d'JEL ass en Europadeputéierten een, deen d'Biergerinnen an d'Bierger zu Bréissel vertrëtt an dat kann nëmme sinn, wann en a Kontakt mat hinnen ass, sou de Christophe Origer.      

Donieft géingen doduerch Europadeputéiert éischter an zweeter Klass geschaf ginn. Et hätt een dann déi Europadeputéiert, déi national gewielt sinn, an déi déi pan-europäesch gewielt sinn an domadder eng aner Symbolik am Parlament géinge vertrieden. De Christophe Origer gesäit éischter, datt ee bei der Kommissioun kéint usetzen, wou dann zum Beispill e Kommissiounspresident direkt vun de Länner gewielt géing ginn. 

Iert ee vun transnationale Lëschte schwätzt, misst een awer och fir d'éischt emol déi eenzel Wahlsystemer uechter d'EU ugläichen, fuerdert nach de JEL-President Christophe Origer. Zu Lëtzebuerg kéint een nämlech zum Beispill scho mat 18 Joer Europadeputéierte ginn, an der Belsch brauch een 21 Joer an a Griicheland 25 Joer.