No der Attack mat Nervegëft op de fréiere russeschen Duebel-Agent Skripal, huet d'Lëtzebuerger Regierung e Mëttwoch de Moie via Communiqué reagéiert.

Lëtzebuerg weist sech solidaresch mat Groussbritannien, no der Attack mat Nervegëft op de fréiere russeschen Duebel-Agent Skripal.

Schonn en Dënschdeg hat den Ausseminister Jean Asselborn am RTL-Interview betount, dass ee sech un d'Säit vu Groussbritannien géif stellen. Et wier grav, wat zu Salisbury geschitt ass.

D'Regierung condamnéiert d'Attack mat Nervegëft vum 4. Mäerz op dat heftegst an ënnerstëtzt d'Analys vun der britescher Regierung, deemno et héchst probabel ass, dass Russland fir dës Attack responsabel ass, an et keng aner plausibel Erklärung gëtt.

Wéi et am Communiqué um Mëttwoch de Moien heescht, wéilt den Ausseminister Jean Asselborn de Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau, Jean-Claude Knebeler, fir Gespréicher gesinn.

AUDIO: De Jean Asselborn

Et bleift een awer bei der Positioun, keng russesch Diplomaten aus Lëtzebuerg auszeweisen. Eng 8 Diplomate wieren den Ament am Grand-Duché.

Lëtzebuerg rifft Ambassadeur zu Moskau zréck fir Gespréicher
No der Attack mat Nervegëft op de fréiere russeschen Duebel-Agent Skripal, huet d'Lëtzebuerger Regierung e Mëttwoch de Moie via Communiqué reagéiert.

Réaction du Luxembourg suite à l’attaque de Salisbury

Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

 

Dans le contexte de l’attaque de Salisbury, le gouvernement luxembourgeois est pleinement solidaire avec le Royaume-Uni, face à cette grave remise en cause de notre sécurité commune.

Le gouvernement luxembourgeois condamne avec la plus grande fermeté l’attaque commise et souscrit à l'analyse du gouvernement du Royaume-Uni selon laquelle il est hautement probable que la Fédération de Russie soit responsable de cet acte et qu'il n'existe pas d'autre explication plausible.

Le ministre des Affaires étrangères et européennes Jean Asselborn a dès lors décidé de rappeler pour consultations l’Ambassadeur du Luxembourg à Moscou.


Um Dënschdeg hat de Lëtzebuerger Diplomatiechef am RTL-Interview betount, dass de Grand-Duché virleefeg awer net Wëlles hätt, russesch Diplomaten aus dem Land auszeweisen.

Groussbritannien deelt wichteg Geheimdéngschtinformatioune mat sengen Alliéierten

An der sougenannter Skripal-Affär huet Groussbritannien wichteg Geheimdéngschtinformatioune mat sengen Alliéierte gedeelt.
Dëst an engem Ausmooss wéi et en nach ni gouf.

Wéi et vun engem Regierungsvertrieder zu London heescht, hätt di britesch Regierung hire Partner wichteg Informatiounen zoukomme gelooss. Dat hätt dozou gefouert, dass eng Rei westlech Staaten, dorënner d'USA, eng sëlleche russesch Diplomaten ausgewisen hunn. Als Reaktioun op d'Attack mat Nervegëft op de fréiere russeschen Duebel-Agent Sergej Skripal a Groussbritannien haten Uganks der Woch iwwer 20 Länner russesch Diplomaten ausgewisen. Och d'NATO huet en Dënschdeg 7 russeschen Diplomaten hir Accreditatioun ewech geholl. Am ganze si bal 150 russesch Staatsbierger betraff, dorënner 23 a Groussbritannien.

De briteschen Ausseminister Boris Johnson huet d'Ausweisungen als en decisive Changement an de Relatioune vum Weste mat Russland bezeechent. Et géif sech em e Coup handele vun dem sech de russesche Geheimdéngscht vill Joren net wäert erhuelen, huet hien an der Zeitung "The Times" geschriwwen. Russland weist d'Virwërf fir d'Attack responsabel ze sinn, vehement zeréck.

De Sergej Skripal a seng Duechter leien iwwerdeems nach ëmmer an engem ganz kriteschen Zoustand am Spidol.

VIDEO: Russesch Diplomaten ausgewisen
Souwuel d'USA, wéi och Däitschland, hu russesch Diplomaten heemgeschéckt.