D'USA, Groussbritannien a Frankräich hunn e Samschdeg de Moie géint 3 Auer déi éischt Militärinterventiounen a Syrien géint de Regime geflunn.

Wéi et aus dem Pentagon heescht, wieren dräi Ziler viséiert gewiescht. Déi britesch Royal Air Force huet zum Beispill eng fréier Rakéitebasis bei Homs beschoss. Do sollen dem britesche Verdeedegungsministère no chemesch Produite fir Waffe gelagert gi sinn, an der Haaptsaach d’Gëft Sarin. Et gouf och eng Fuerschungsinfrastruktur bei Damaskus ugegraff. Si wéilten eng Eskalatioun am Syriekonflikt verhënneren. Esou justifiéieren d'USA, Groussbritannien a Frankräich hir Militärinterventioun géint de syresche Regime e Samschdeg de Moie fréi géint 3 Auer.

Um Samschdeg am Nomëtteg Lëtzebuerger Zäit koum dann den Tweet vum US-President: "Mission accomplished!"

Den US-President Donald Trump ass houfreg op déi westlech Loftattacken a Syrien. Op Twitter schwätzt den Trump vu perfekt exekutéierten Attacken, d'Missioun wär erfëllt. E bessert Resultat hätt hie sech net erwaarde kënnen. Donieft ass et nach de Merci u Frankräich a Groussbritannien fir hir"Intelligenz a d'Force vun hirem exzellenten Militär".

© afp

Russland hat fir d'éischt gemellt, de Gros vun de Rakéiten wär vum syreschen Militär ofgefaangen ginn. Dat dementéiert an Tëschenzäit de Pentagon. Den syreschen Ofwiersystem wär eréischt no den Attacken demarréiert ginn, sot den US-amerikaneschen Generol Kenneth McKenzie. Iwwerdeems bräicht de syreschen Programm fir chemesch Waffen Joren, bis en sech nees erholl hätt, esou heescht et aus dem Pentagon.

Nato, EU a Berlin stinn hannert Attacken

D'NATO an d'EU ënnerstëtzen d’Loftugrëff vun den USA, Frankräich a Groussbritannien. D'Attacken hätten dem syresche Regime däitlech gemaach, datt se mat dëser mënschlecher Tragedie net viru fuere kënnen, schreift de permanenten EU-Rotspresident Donald Tusk. D'Angela Merkel huet sech e Samschdeg de Moien hannert déi westlech Attacke gestallt. De Militärasaz wier néideg an ugemooss gewiescht. "Mir ënnerstëtzen, datt eis amerikanesch, franséisch a britesch Alliéiert als permanent Memberen vum UNO-Sécherheetsrot op dës Aart a Weis Verantwortung iwwerholl hunn", sou déi däitsch Regierung.

© afp

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet d'syresch Regierung opgefuerdert, keng Chemiewaffe méi anzesetzen. Et wier net déi éischte Kéier gewiescht, dass sou Waffe géint Ziviliste geriicht gi wieren, ma et misst awer déi leschte Kéier gewiescht sinn.

No der militärescher Interventioun fuerdert Frankräich elo, datt mat "Effet immédiat" politesch Gespréicher mat Syrien gefouert ginn. "Mir si bereet vun elo u mat alle Länner drun ze schaffen, déi dozou bäidroe wëllen, e Plang auszeschaffen, fir aus der Kris erauszekommen", sou den Ausseminister Jean Yves la Drian e Samschdeg zu Paräis. Vu Paräis heescht et dann och, dass bei den Attacke grouss Deeler vum Chemiewaffenarsenal a Syrien zerstéiert gi wieren.

De franséischen Diplomatiechef huet an engems d'Fuerderung no enger Wafferou am ganze Land erneiert an och en humanitären Zougang gefuerdert, fir der Zivilpopulatioun hëllefen ze kënnen.

Reaktioun vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn

Mat oder ouni Gëftgas et ass eng Katastrophe a Syrien, dat sot an enger éischter Reaktioun de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. D'Loftattacken an der Nuecht op e Samschdeg wieren eng präzis Aktioun gewiescht. Eng Aktioun, déi awer u sech den Accord vum UNO-Sécherheetsrot brauch, wéi et an der Charta vun de Vereenten Natiounen fir all militäresch Attack virgeschriwwen ass. Duerfir sot de Jean Asselborn am Background dat heiten:

Mir musse wëssen, dass et international rechtlech wackeleg ass. Op déi aner Manéier ass et kloer, datt een net einfach kann d'Aen zoumaachen, wa Gëftgas am Spill ass. Et ass e wéineg schued, aus menger Siicht op jidder Fall, dass een elo net ofgewaart huet. D'OPCW ass um Samschdeg op der Plaz, déi soll d'Enquête maachen, ob Gëftgas applizéiert ginn ass. Wouvunner Macron, May an Trump ausginn. D'Russe soen, et ass näischt bewisen. Mir sinn do wou mer sinn ob mat oder ouni Gëftgas. Et ass eng Katastroph a Syrien. 350.000 Doudeger, iwwer 5 Millioune Leit, déi geflücht sinn, iwwer 6 Millioune Leit, déi am eegene Land hir Heemer hu misse verloossen. An dee Krich dauert scho méi laang, wéi deen Zweete Weltkrich. 

Et wier den Idealzoustand gewiescht, fir de Rapport vun der Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen OPCW ofzewaarden. Mä d'Welt géif scho méi laang net méi optimal funktionéieren, huet de Jean Asselborn gemengt. Wat et och nach ni ginn hätt wier en US-President, dee via Twitter "smart Missilen" annoncéiert. An dësem Fall wieren d'Arméien dacks méi rational wéi verschidde Politiker.

Fir de Lëtzebuerger Ausseminister ass et selbstverständlech, datt et dat elo mat dësen Attacken gewiescht muss sinn. Elo misst ee nees op eng ganz aner Schinn kommen. Also verhandelen an zu Genf an am UNO-Sécherheetsrot eng Positioun ze deklinéieren, déi vun de 5 Veto-Mächt gedeelt ka ginn. Syrien wier manifestement am Krich, wou ee ganz séier eng Léisung kéint fannen. Den Ament géife mer awer just riskéieren ëmmer méi Kricher am Krich ze kréien. Do wou de Jean Asselborn sech sécher ass, de Baschar Al-Assad kann net d'Zukunft vu Syrien sinn. Dat missten och d'Russe wëssen, sou den Ausseminister am éischten Deel vun der Emissioun Background.

AUDIO: Extrait Jean Asselborn

Putin fuerdert en Treffe vum UN-Sécherheetsrot

Russland dogéint, wat op der Säit vum syresche Regime steet, gesäit an den Attacken vun den USA eng Provokatioun. De russeschen Ambassadeur zu Washington huet erkläert, datt mat dësem Schratt de russesche President Putin beleidegt géif ginn. Et géif ee seng Konsequenzen aus der Operatioun zéien. Wéi déi géifen ausgesinn, huet den Ambassadeur net präziséiert. Ma Russland huet dann awer och präziséiert, datt keng Bommen an der Ëmgéigend vu Russesche Stëtzpunkter ageschloe wieren. De Wladimir Putin huet e Samschdeg gefuerdert, datt den UN-Sécherheetsrot soll zesumme kommen.

De syresche Regime huet an enger éischter Reaktioun déi "barbaresch a brutal Aggressioun" vum Westen denoncéiert. D'Attacken hätten drop ofgeziilt, fir d'Missioun vun der Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen OPCW z'ënnergruewen. D'Experte vun Den Haag sollten e Samschdeg u sech zu Duma mat hirer Enquête iwwert déi presuméiert Gëftgasattack ufänken. De syresche Presidentebüro huet via déi sozial Netzwierker e Video vun 8 Sekonnen diffuséiert, op deem de Staatschef Baschar al-Assad demonstrativ an de Presidentepalais erageet. An der Hand säin Aktekoffer.

Nëmmen e puer Stonnen no de westleche Loftattacke si syresch Forces de l'ordre an d'Stad Duma amarschéiert, déi jo d'Zil vun der Gëftgasattack soll gewiescht sinn. Duma war bis viru kuerzem déi lescht Rebelle-Bastioun an der Géigend Ost-Ghuta. E Samschdeg de Moien heescht et, d'Stad géif an e puer Stonne komplett vun der "terroristescher Präsenz" befreit, sou déi syresch Staatstélé.

Virleefeg keng weider Loftattacke geplangt

Um kuerz viru 5 Auer e Samschdeg de Moien huet den amerikanesche Verdeedegungsminister James Mattis annoncéiert, d’Loftugrëff vun den USA, Groussbritannien a Frankräich wiere virleefeg eriwwer. Et wieren den Ament keng weider Attacken am Land geplangt, esou de Mattis viru Journalistin am Pentagon. Sollt de syresche President awer nees chemesch Waffen géint säi Vollek asetzen, wieren nei Attacke méiglech. Och de franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian ass der Meenung, datt am Fall vun enger neier Gëftgasattack och nei Loftattacke géinge geflu ginn.