De 56 Joer ale Politiker, deen zanter iwwer 20 Joer als Premier oder Staatschef regéiert, kënnt den Héichrechnungen no op knapp 54% vun de Stëmmen.

De Milo Djukanovic krut domat schonn am éischte Wahltour di néideg absolut Majoritéit.

Op Säite vun der Oppositioun, déi mat 6 Parteien an d'Course gaange war, koum de Spëtzekandidat mat 33% op di zweet Plaz.