Um Méindeg de Mëtteg hat e Camion seng Charge op der E411 tëscht Arel an Habay verluer. Et koum zu engem zolitte Stau.

E Méindeg géint 12.30 Auer war et op der E411 a Richtung Bréissel zu engem Accident komm, dobäi war d'Strooss, ähnlech wéi déi lescht Woch op der A31 hannert der Grenz zu Diddeleng, mat Faarf bedeckt ginn.

Eng Spur huet op dëser Plaz misste gespaart ginn.

Well d'Botzaarbechte méi laang gedauert hunn, koum et op dëser Plaz zu engem gréissere Réckstau, grad wéi de Beruffstrafic am Gaange war.

Een Ament huet et bis an de Grand-Duché zeréckgestaut (14 km).

Géint 18.20 Auer war dunn alles geraumt a gebotzt a sämtlech Bunne konnten nees fir den Trafic opgoen.

Alles an allem war de Virfall awer manner grouss an och manner spektakulär wéi deen hei vir a Frankräich.

An der Ouschtervakanz gouf et en ähnlechen Tëschefall op der A31 (F), net wäit hannert der Lëtzebuerger Grenz. / © RTL (ARCHIV)